Säi Selbstwäertgefill stäerken
(Code : B1-a-62)
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participantë kennen:
- wichteg Begrëffer an theoretesch Aspekter zum Thema Selbstwäertgefill
- d'Wichtegkeet vun engem gudde Selbstwäertgefill fir sech wuelzefillen an zefridden ze sinn
- den Afloss vum eegene Selbstwäertgefill op den Ëmgang mat de Kanner.
Fäegkeeten
D’Participantë:
- si sech hirem eegene Selbstwäertgefill bewosst
- sinn an der Lag, dëst ze stäerken a Beräicher, an deenen d'Selbstwäertgefill eng besonnesch wichteg Roll spillt, zum Beispill den Ëmgang mat den eegenen Emotiounen an d’Kommunikatioun mat Matmënschen
- si sech hirem Afloss op d'Selbstwäertgefill vun de Kanner bewosst a sinn an der Lag, d'Selbstwäertgefill vun de Kanner ze stäerken
- kënnen anhand vu prakteschen Übungen a Beispiller den Afloss vum Selbstwäertgefill erliewen; doraus ginn och Iddiën ofgeleed, wéi ee säi Selbstwäertgefill am Alldag stäerken oder säi gutt Selbstwäertgefill oprechterhaale kann.
Haltung
D’Participantë:
- kultivéiren eng wäertschätzend Haltung sech selwer an de Kanner géigeniwwer
- reflektéiren hir perséinlech Roll an der Entwécklung vum Selbstwäertgefill vun de Kanner
- fleegen eng authentesch a wäertschätzend Kommunikatioun.
Inhalt / Contenu
E gutt Selbstwäertgefill ass wichteg fir sech wuelzefillen an zefridden ze sinn. Et gëlt och als wichtege präventive Facteur géint psychesch Krankheeten. All Mënsch, och wann e sech als gesond gesäit, ka vun engem gudde Selbstwäertgefill profitéiren. Keen huet nëmme positiv Gedanken oder Gefiller. Jidderee kennt Gedanken, déi net opbauend sinn, wéi zum Beispill „Ech ka näicht“, „Ech si net gutt genuch“, „Keen huet mech gär“, „Ech maachen alles falsch“, „Déi Aaner maachen dat besser“. Wann een dacks Angscht huet oder sech schummt, kann et sinn dass dat un engem manner gudde Selbstwäertgefill läit. Déi gutt Noricht ass: Et kann een och als Erwuessenen säi Selbstwäertgefill stäerken. Dat bréngt och de Kanner eppes, déi rondrëm eis sinn.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Theoretesch Wëssensvermëttlung
- De Fokus läit awer um prakteschen Aspekt:
* Austausch an der Grupp
* Übungen/Aufgaben a klenge Gruppen (je no Participantszuel)
* Übungen fir säin eegent Selbstwäertgefill ze stäerken
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Maryse Scheller, Psychologin a Psychotherapeutin am Centre de Consultation et de Médiation Familiale bei der Fondation Pro Familia
Remarques / Anmerkung
Wann Der eng grouss giel Dir eragitt, da fannt Der et.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 5 octobre 2023 de 13.30 à 16.30 heures |
Lieu : | Fondation Pro Familia - Grousse Sall um 1. Stack |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 6 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Prérequis : | Opgrond vum prakteschen Deel vun der Formatioun a vum gewënschten Input vun de Participanten get d’Participantszuel relativ kleng gehaalen. Et brauch ee keng Virkenntnisser; am beschten ass et seguer wann ee sech seet, dass ee net souvill zum Thema weess, gäre méi wëssen a säi Selbstwäertgefill stäerke wëll. |
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | formation organisée en coopération avec la Fondation Pro Familia |