Affichage de contenus web Affichage de contenus web

Développement scolaire EF

De PDS ass de legale Kader fir déi Themen zesummen unzegoen, déi fir iech als Schoulgemeinschaft besonnesch wichteg sinn. Sou kënnen d'Konditiounen ënnert deenen d'Kanner léieren, an och den Aarbechtskontext vum Schoulpersonal bewosst a geziilt verbessert ginn.

Den aktuelle Schoulentwécklungscycle 2021-2024 kënnt mat der Rentrée 2023/2024 an dat drëtt a lescht Joer. Dat ass de Moment fir sech déi néideg Zäit ze huele fir e Réckbléck ze zéie vun deem wat als Schoul erreecht a geschafft gouf (Bilan), ze kucke wou mer am Moment stinn (Etat des lieux) a nächst Entwécklungsschrëtt fir 2024-2027 ze plangen (Objectifs).

Idealerweis geschitt dat an der Zesummenaarbecht mat allen internen an externe Schoulpartner.

Mat Bléck op d'Preparatioun vum nächste Schouljoer fannt dir hei eng Iwwersiicht, wat dat konkret bedeit. D'Divisioun vun der Schoulentwécklungsbegleedung an d'Instituteurs spécialisés en Développement Scolaire (I-DS), si wéi gewinnt fir iech do, fir iech bei der Planung an Ëmsetzung vun de verschiddenen Etappen beschtméiglech ze ënnerstëtzen.

Iwwergangsjoer 2023/ 2024

Item1Item2Item3Item4Item5Item6