|
oli.education.lu e-Learning Platform News
1.300+ nei Biller am Bildwierderbuch
3. juin 2021, par oli
Haut hu mir e groussen Upgrade an eisem Bildwierderbuch installéiert, iwwer 1.300 nei Biller goufe bäigesat. Et ginn domat elo iwwer 2.800 Biller am Wierderbuch, sou dass dat elo eng vun de gréisste Sammlunge vu fräi notzbaren edukative Biller weltwäit ass. D'Biller sinn direkt iwwer d'Suchmaschinne vun der Plattform zougänglech, a se kënnen och a ville vun eisen Tools an e-Learning Apps benotzt ginn. Eise Suchmotor fënnt Biller a verschiddene Sproochen, an et ass souguer méiglech ganz Sätz ze analyséieren. Vill Spaass mam Update! Deng Equipe vum Oli
Nei pädagogesch Spiller: Solitaire (Klondike) a Labyrinth
20. mai 2021, par oli
Déi nei Web-Apps "Solitaire" a "Labyrinth" sinn elo online. Mat "Solitaire" kann een dat populärt "Solitaire / Klondike" Spill elo direkt op der Plattform spillen, während d'App "Labyrinth" 30 Level an 3D ubitt, déi een exploréiere kann. Vill Spaass mam Update! Deng Equipe vum Oli
Nei Versioun vun der Hangman App
11. mai 2021, par oli
D'Hangman Web App gouf komplett erneiert, si ënnerstëtzt elo 4 Sproochen (de/fr/en/lu), d'Wuertlëschten sinn elo a Kategorien agedeelt a si sinn däitlech erweidert ginn, an d'Enseignanten kënnen elo hir eege Wuertlëschten erstellen. D'App kann elo och als Übung gespäichert ginn, an d'Resultater kënnen och an de Schüler-Logs gespäichert ginn. Vill Spaass mam Update Deng Equipe vum Oli
Nei Versioun vun der Vokabel Web App
3. mai 2021, par oli
Déi nei Versioun vun der Vokabel Web App, déi komplett nei entwéckelt ginn ass, ass elo online. Déi nei App ënnerstëtzt elo 4 Sproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch), an du kanns d'Source- an d'Zilsprooch selwer wielen. Doriwwer eraus ass d'App komplett mat eiser Biller-Datebank integréiert, sou dass een och mat Biller léiere kann. D'Web App ka souwuel Online-Aufgaben wéi Aarbechtsblieder generéieren (inklusiv Korrekturen), an et gi souwuel Schreifaufgaben wéi och Multiple Choice Übungen ugebueden, natierlech och mat Biller. Den integréierte Vokabulär ass elo a Kategorien agedeelt déi fräi ausgewielt kënne ginn, an Enseignante kënnen elo och eegen Wuert- a Vokabellëschten an hire virtuelle Klasse späicheren. Übungen an Aarbechtsblieder kënnen elo och gespäichert ginn an de SschülerInnen sou direkt an der virtueller Klass zur Verfügung gestallt ginn. Vill Spaass mam Update! Deng Equipe vum Oli
Direkt Links op Apps, Übungen, Dateien a Websäiten an der Virtueller Klass
19. avril 2021, par oli
Vun elo un kënnen Enseignanten an der virtueller Klass direkt Linken op dacks benotzten Apps, Übungen, Dateien a Websäiten ënner "Aarbechtsblieder an Übungen" bäifügen. SchülerInne kënne esou séier Aufgaben an Übunge erëmfannen, déi se da regelméisseg widderhuele kënnen. Als Enseignant kanns du och Aufgaben zur Verfügung stellen, déi speziell un d'Besoins vun denger aktueller Klass oder der aktueller Unitéit ugepasst sinn. Linken kënnen eenzel aktivéiert oder deaktivéiert ginn, sou datt Aufgaben, déi regelméisseg solle widderholl ginn, un- oder ausgeschalt kënne ginn. Du kanns och entscheeden, ob Links fir all SchülerInnen ugewise solle ginn, oder nëmme fir eenzel Gruppen. Vill Spaass mam Update Denq Equipe vum Oli
|
|