oli.education.lu e-Learning Platform News
Schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer!
20. décembre 2022, par oli
D'Equipe vum Oli wënscht Iech all e gudde Start an d'Joer 2023.
Mir soen Iech Merci fir d'Ënnerstëtzung vun eiser e-Learning Plattform am leschte Joer.
2022 hu mir virun allem ganz vill um technesche Käer vun der Plattform geschafft, sou dass et manner nei Features goufen. Aktuell maache mer awer elo déi nächst Updates fir 2023 prett, an do sinn eng ganz Rei spannend nei Saachen dobäi!
Mir freeën eis drop d'nächst Joer weider um Oli ze schaffen an d'Plattform weider ze verbesseren.
Vun eiser ganzer Equipe e schéint, gesond a glécklecht neit Joer!
Neien Chat a Messaging System elo online!
19. décembre 2022, par oli
Nodeems mer dëst Joer virun allem um technesche Käer vum Oli geschafft hunn, ass elo endlech och mol rem e neie grousse Feature online:
Mam neien Chat a Messaging System kënnen Enseignanten a SchülerInnen elo ganz einfach mateneen kommunizéieren. De neie Chat ass permanent op alle Säite vum Oli aktiv, nei Message ginn direkt per Alarm ugewisen, an et kann een och vun all Säit aus selwer direkt schreiwen.
Ausserdeem kann een elo net nëmmen 1 zu 1 chatten a schreiwen, et kann een och Gruppe matt méi Persoune fräi définéieren. Selbstverständlech kann een och Persounen a Gruppe bäisetzen oder rem eraushuelen.
De neie Messenger ersetzt dann och komplett deen aale Mail-System am Oli, an och den aalen Chat geet dann domat an d'Pensioun.
Vill Spaass mat de neie Features wënscht
Deng Equipe vum Oli
Schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer!
23. décembre 2021, par oli
D'Equipe vum Oli wënscht Iech all e gudde Start an 2022.
Mir soen Iech Merci fir d'Ënnerstëtzung vun eiser e-Learning Plattform am Joer 2021. Mir freeën eis drop d'nächst Joer weider ze schaffen, a mir hu schon e puer spannend nei Features an der Aarbecht.
Vun eiser ganzer Equipe e schéint, gesond a glécklecht neit Joer!
Dyslexic Schrëft elo direkt am Oli
13. décembre 2021, par oli
Vun elo un kanns de d'Dyslexic Schrëft direkt am Oli benotzen, souwuel beim Printe vun Texter souwéi och zB beim Printe vum Wocheplang!
Vill Spaass mat der neier Schrëft wënscht...
Deng Equipe vum Oli
De Kleesche bréngt e neit Spill op den Oli
6. décembre 2021, par oli
Vun haut un gëtt et mam RACER e neit Spill um Oli, dat sech u klasseschen Autospiller aus de 1980er Joeren inspiréiert.
Bei dëser Autoscourse, déi komplett ouni Plug-Ins am Browser leeft, geet et haaptsächlech em Geschécklechkeet e Réaktioun.
Och Elteren an Enseignanten, déi fréier gäeren um Commodore 64, Amiga oder Atari ST gespillt hunn, kënnen hei e puer nostalgesch Momenter erliewen.
Vill Spaass mam neie Spill wënscht
Deng Equipe vum Oli