oli.education.lu e-Learning Platform News

Bildwierderbuch elo mat Sprooch, plus eng nei Diktat-App.

19. juillet 2021, par oli

Mam aktuellen Update gëtt et elo eng Sprooch-Funktioun fir d'Majoritéit vun alle Wierder am Bildwierderbuch, an zwar op Englesch, Däitsch a Franséisch.

Klick einfach op d'Lautsprecher-Symbol d'Wuert auszeschwätzen ze loossen, dat grad ugewise gëtt.

Et gëtt dann elo och eng entspriechend Diktat-App, déi Wierder ausschwätzt a passend Biller affichéiert.

Vill Spaass mam Update wënscht
Deng Equipe vum Oli

Schéi Vakanz!

15. juillet 2021, par oli

D'Equipe vum Oli wënscht alle Schüler, Enseignanten an Elteren eng schéin an erhuelsam Vakanz.

Nodeems mer während dem Homeschooling am Joer 2020 virun allem Funktiounen entwéckelt haten, déi d'Enseignanten urgent gebraucht hunn, goufen et an dësem Schouljoer rem ganz vill nei Features, hei just e puer Highlights:

  • Billerwierderbuch elo mat Iwwer 1300 neie gemoolte Biller (elo 2800 am Total) an iwwer 10.000 Fotoen a 4 Sproochen.
  • Nei Versioun vun der Vokabel-App, mat Support vu Billerwierderbuch a Späichere vu Configuratiounen
  • 8 nei Sproochen-Apps, mat Support vu Bildwierderbuch a Späichere vu Configuratiounen.
  • Neien Design vun den Aarbechtsblieder, a Support vu QR Codes an alle Beräicher.
  • E neie Beräich mat Beispiller vun Online-Exercicer an Aarbechtsblider vun alle wichtegen Apps.
  • Direkt Links op dacks benotzten Apps, Übungen, Dateien a Websäiten ënner "Aarbechtsblieder an Übungen" an der Virtueller Klass
  • 5 nei Apps am Beräich "Konscht & Kreativitéit":  "Sketch Art", "Color Mixer", "Mandala", "8 Bit", an "Guitar Fretboard"
  • Nei Versioun vun der Hangman-App, an 2 nei Spiller (Solitaire/Klondike & Labyrinth)

D'Aabecht un der Plattform geet an der Summervakanz selbstverständlech weider, an déi nächst Neierunge si schon an der Entwécklung!

Vill Spaass an Erfolleg weiderhin mam Oli wënscht

Deng Equipe vum Oli

 

Nei App Screenshots a Beispiller vun Aarbechtsblieder

28. juin 2021, par oli

Vun elo un si fir all wichteg Apps Screenshots a Beispiller vun Aarbechtsblieder online, sou datt een d'Méiglechkeete vun der Plattform a vun den eenzelnen Apps direkt gesäit:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​examples/​apps/​

Zousätzlech erschénge Beispiller elo och direkt nom Login an den Newsfeeds vun den eenzelne Benotzer.

Doriwwer eraus goufen d'Multiplikatiouns-Tabellen an d'Stellentafeln komplett iwwerschafft.

Vill Spaass mam Update wënscht
Deng Equipe vum Oli

8 nei Apps fir Sproochen ze léieren an ze üben

21. juin 2021, par oli

Insgesamt 8 nei Léierapps sinn elo am Beräich "Sproochen" online. All Apps hunn Accès op déi integréiert Wuertlëschten (Däitsch, Englesch, Franséisch a Lëtzebuergesch) souwéi op d'Bildwierderbuch, an als Enseignant kanns du och eege Wuert- a Vokabellëschten erstellen.

Bal all Apps kënne souwuel Online-Übunge wéi och dréckbar Aarbechtsblieder am PDF-Format generéieren, an d'Astellunge kënne gespäichert a mat Schüler als Exercice gedeelt ginn.

Hei d'Lëscht mat de neien e-Learning Apps:

1. Schreif Sätz (Sätze mit dem Wortschatz)
2. Wierder bei d'Biller schreiwen
3. Wuert a Bild verbannen
4. Wortsalat (Buchstawe si vertosch)
5. Wierder fannen
6. Richteg oder falsch?
7. Kreuzworträtsel
8. Ausgeschnidden & pechen

All App an all Online Exercice kann elo och mat anere Benotzer iwwer e QR Code gedeelt ginn, a Kaarten mat QR Code kënnen och als PDF Dateie generéiert ginn.

Vill Spaass mam Update
Deng Equipe vum Oli

Neien Design fir Aarbechtsblieder, nei Schoulschrëft

15. juin 2021, par oli

Aarbechtsblieder ginn elo an engem neien, faarwege Design generéiert, sou datt d'Blieder an d'Exercicer déi op Oli erstallt goufen elo vill méi attraktiv ausgesinn. Wochepläng ginn elo och faarweg erstallt, an e Schülerbild oder eng Foto kann och bäigesat ginn.

D'Faarfoptioun ka selbstverständlech fir all generéiert Dokument ausgeschalt ginn, Korrektiounsblieder gi par défaut ouni Design generéiert.

Desweideren bidde mir elo eng integréiert Schoulschrëft un, déi elo schonn a verschiddenen e-learning Apps verfügbar ass.

Vill Spaass mam Update
Deng Equipe vum Oli