oli.education.lu e-Learning Platform News

E klengen Update

23. mars 2020, par oli

D'Equipe vum Oli ass frou, dass mir esou ville Leit an deene leschten Deeg beim Léieren an Enseignéieren vun doheem aus hëllefe konnten.

Mir wëllen alle Leit Merci soen, déi eis Feedback a Suggestioune geschéckt hunn. An deene leschten Deeg hu mer wéinst der aktueller Situatioun esouvill Ufroe kritt wéi ni virdrun, lues a lues si mir awer elo rëm bäi a mir kënnen elo versichen all déi Saache sou séier wéi méiglech ëmzesetzen fir Iech d'Schaffe vun doheem aus nach méi einfach ze maachen.

Falls mir iergendeppes sollte vergiess hunn oder e Mail net sollte beäntwert hunn, dann zéckt w.e.g. net eis nach eng Kéier ze schreiwen. Falls dir nach weider Iddien hutt wéi mer eis Applikatioune weider verbessere kënnen, da schéckt eis dat roueg eran, och wa mer am Moment net alles kënnen direkt realiséieren.

Merci fir äre Support 😀

Deng Equipe vum Oli

Mam Oli vun doheem aus schaffen

16. mars 2020, par oli

Mam Oli kanns du als Enseignant oder SchülerIn vun doheem aus schaffen, du kanns Aarbechtsblieder an Exercicer maachen, an du kanns deng Aufgaben an enger Virtueller Klass geréieren. Alles dat hëlleft, an der aktueller Situatioun weider kënnen als Klass oder Schoul ze funktionéieren.

D'Equipe vum Oli wäert dës Geleeënheet notzen, fir d'Plattform nach weider ze verbesseren. Mir schaffen all Dag drun, an du kanns eis roueg nei Iddien a Suggestioune schécken.

Déi ganz Plattform ass och zimmlech gutt dokumentéiert, all wichteg Infos fënns du op den Hëllefssäiten. Och eise Support funktionéiert natierlech riicht weider, zéck net eis ze schreiwe wann s du Froen oder Problemer solls hunn.

Well et aktuell vill Froen zu e puer Grondfunktioune gëtt, hu mer hei nach eng weider Infosäit online gestallt:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​hellef/​quickstart/​

Aarbechtsblieder als PDF um Oli späicheren

11. mars 2020, par oli

Vun elo un kanns du net nëmmen generéiert Aarbechtsblieder als PDF Dokument ausdrécken oder se op dengem eegene Computer späicheren, mee du kanns se elo och direkt um Oli an dengem Datei-Manager oder an denger Virtueller Klass ofspäicheren.

Als Enseignant kanns de Aarbechtsblieder am PDF Format fir deng SchülerInne generéieren an se dann direkt op der Plattform disponibel maachen. SchülerInne kënnen Aarbechtsblieder eroflueden, während d'Verbesserunge getrennt am Enseignants-Dossier gespäichert ginn.

Als Enseignant kanns du souguer nei Aarbechtsblieder generéieren an se direkt an engem existéierenden Aarbechts- oder Wochplang späicheren. Du kanns entscheeden ob däin Aarbechtsblat bei eng bestehend Aufgab soll derbäigesat ginn oder ob d'Aarbechtsblat als eng nei Aufgab am Wocheplang soll agedroe ginn. D'SchülerInne kënnen dann d'Aarbechtsblieder vum Wocheplang eroflueden, während d'Verbesserungen am Enseignants-Dossier gespäichert ginn.

Vill Spaass mam Update!
Deng Equipe vum Oli

Neien Hëllefs-Beräich

9. mars 2020, par oli

Den Oli Hëllefs-Beräich gouf komplett iwwerschafft an et bitt elo detailléiert Informatiounen iwwer déi wichtegst Tools a Features vun der Plattform:

- D'Sektioun "Start" hëlleft SchülerInnen, Elteren an Enseignanten fir séier op der Plattform unzefänken.
- D'Sektioun "Community" erkläert déi wichtegst Account-, Profil- a Kommunikatiouns-Tools.
- D'Sektioun "Virtuell Klass" bitt Detailer iwwer den LMS (Learning Management System) an déi kreativ Tools vun der Virtueller Klasse (Texteditor, Datei-Manager, Online Projeten, Blog & Klasse-Website).
- D'Sektioun "Schoul" erkläert, wéi verschidde Virtuell Klasse verbonne kënne ginn a wéi een Informatiounen tëschent hinnen deele kann.
- D'Sektioun "Website" hëlleft dir komplex Schoul-Websiten a Portaler ze erschafen an ze geréieren.

Vill Spaass mam Update!

Deng Equipe vum Oli

Neien Online Zeechen-Tool

21. janvier 2020, par oli

Déi nei "Zeechnen" App erlaabt et de Schüler an den Enseignanten direkt Biller op der Websäit ze zeechnen an ze molen, a verschidde Faarwen a Pinselgréissten ze benotzen. Gemoolte Biller kënnen op däi Computer erofgeluede ginn, se kënnen an dengem perséinleche Medienberäich gespäichert ginn, oder se kënnen direkt an denge virtuelle Klasse stockéiert ginn.

De neien Zeechen-Tool ass och an de Media Manager vun der Plattform integréiert ginn, sou dass du direkt Biller an alle Verzeechnisser mole kanns. De Zeechen-Tool vum Media Manager ënnerstëtzt och verschidde Bildgréissten, dorënner A4 an US Letter Portrait a Landschaft Formater.

Et ass souguer méiglech Biller a Fotoen am Media Manager ze bemolen an drop ze zeechnen, an du kanns deng Ännerungen dann entweder als nei Datei ofspäicheren oder dat existent Bild iwwerschreiwen.

Zousätzlech ënnerstëtzt d'Plattform elo direkt d'Eropluede vu Fotoen am HEIC Format, déi dann automatesch als JPG Biller konvertéiert a gespäichert ginn.

Vill Spaass mam Update!
Deng Equipe vum Oli