oli.education.lu e-Learning Platform News

Wichteg nei Funktiounen an der Virtueller Klass

15. octobre 2019, par oli

An der Virtueller Klass ass et elo méiglech bis zu 8 verschidde Stonnepläng pro Klass am Klassebuch anzeginn. Fir dat ganzt Schouljoer kanns du de passende Stonneplang (oder Vakanz) pro Woch wielen. D'Schoulvakanze sinn am Kalenner schon automatesch agedroen. D'Stonnepläng ginn automatesch am Klassebuch iwwerholl, an de Rapports, sou wéi och op de Websäiten.

De Media Manager vun der Virtueller Klass bitt vill Verbesserungen am Schüler-Beräich. Dossiers vun de SchülerInnne si nom Virnumm sortéiert, Dossiere vu fréiere Schüler gi nëmme fir Enseignanten ugewisen, an et ginn erweidert Erklärungs- an Hëllegstexter. D'Enseignante kënnen elo d'Dossiers vu fréiere Schüler mat engem Assistent geréieren, deen et och erlaabt Dossiers ze läschen, se an aner Klassen ze réckelen oder se an dem Schüler säi private Media Manager ze réckelen.

Wochepläng kënnen elo mat Schoul- a Klassennimm gedréckt ginn, an Aufgabe-Codes kënnen och ewechgelooss ginn. Notize kënne no Schülernimm oder Stëchwieder duerchsicht ginn, du kanns elo e Status bei all Notiz uginn, an all Notize kënnen och als Textdatei exportéiert ginn.

Vill Spaass mam Update!
Deng Equipe vum Oli

Verbessert Blog Upload Tools

3. octobre 2019, par oli

D'Eropluede vun Dokumenter am Blog-Modul ass mam leschten Update staark verbessert ginn. Standard-Ziler a Favorite sinn elo méi einfach ze wielen a kënnen automatesch generéiert ginn, wärend Funktiounen, déi net oft benotzt ginn, fir all Klassen oder souguer fir ganz Schoulen ausgeschalt kënne ginn. Bestehend Posts bidden eng nei Upload-Optioun, déi et och erlaabt direkten Zougang zu Standard-Verzeechnisser a Favoriten ze kréien.

Den Update féiert och eng nei Datum/Kalennerlogik an, déi et méi einfach mécht Datumen ze wielen oder z'änneren. Ausserdeem behiewt den Update eng Zuel vu méi klenge Bugs an eisen e-Learning Apps.

Vill Spaass mam Update!
Deng Equipe vum Oli

Schoul Website Manager Updates

20. septembre 2019, par oli

Déi lescht Versioun vun eisem School Website Manager bitt eng Rei interessant Verbesserungen:

  • De Kontaktformular Paragraf ass elo komplett konfiguréierbar, dat heescht du kanns elo deng eegen Online Formulaire maachen.
  • Den App Paragraf erlaabt et bis zu 10 E-Learning Apps bäizemaachen, souwéi och bis zu 10 (konfiguréierbar) Aufgaben/Übungen.
  • De "Virtuell Schoul" Widget erlaabt et, Informatiounen aus alle Schoulen a Klassen aus denger Gemeng / aus dengem Environnement ze sammelen.
  • De Upload-Widget bitt nei Optiounen.

De Klasse-Website bitt och e puer Updates:

  • D'Blog-Sektioun vun der Fotosäit ass elo no Schouljoeren organiséiert.
  • D'Administratiouns-Tools vun der Klassesäit bidden elo zousätzlech Hëllefstexter.

Vill Spaass mam Update!

Deng Equipe vum Oli

Schouljoer 2019 / 2020

16. septembre 2019, par oli

D'Equipe vum Oli wënscht alle Schüler an Enseignanten e flotten an erfollegräiche Start an d'Schouljoer 2019 / 2020.

Ab dësem Schouljoer gëtt et e neie Klassen-Assistent ("Wizard"), mat deem Enseignanten hir Klasse méi einfach geréiere kënnen. Mam Wizard kanns du als Enseignant deng aktuell Klass aktivéieren a mam Scolaria verlinken, ausserdeem kanns de Klassen ausschalten, déis du net brauchs.

Nei ass och en Tool, fir als Enseignant nom IAM Username vu Schüler ze sichen, wat et am Ufank vum Schouljoer méi einfach mecht fir nei Schüler manuell bäizesetzen.

Schéi Vakanz!

12. juillet 2019, par oli

D'Equipe vum Oli wënscht alle Schüler an Enseignanten eng schéin an erhuelsam Vakanz!