oli.education.lu e-Learning Platform NewsSchéi Vakanz!15. juillet 2017, par oliD'Equipe vun oli.education.lu wënscht alle Schüler an Enseignanten eng schéi Vakanz. Mir soen all deene Leit Merci, déi den oli.education.lu am éischte Joer ausprobéiert hunn, an e ganz besonnesche Merci geet un all déi, déi eis Feedback oder Verbesserungsvirschléi geschéckt hunn. Iwwert d'Vakanz versiche mer nach eng ganz Rei Suggestiounen ëmzesetzen, sou dass den Oli fir d'nächst Schouljoer nach besser gëtt. Bis geschwënn! D'Equipe vun oli.education.lu oli Oli.education.lu elo online15. septembre 2016, par oliDen oli.education.lu ass eng Versioun vun der bekannter oli.lu Plattform, déi vum Centre de gestion informatique de l’Education (CGIE) un d'Besoins vum lëtzebuerger Fondamental ugepasst gouf. Vun der Rentré 2016/2017 un hunn d'Enseignanten an d'Schüler aus dem Fondamental mat hirem IAM Login Zougang op déi nei Plattform, déi iwwer d'Adress http://oli.education.lu accessibel ass. Hei fënns de eng ganz Rei Tools, mat deenen d'Emsetzung vum differenzéierten Unterrecht méi einfach gëtt, plus eng ganz Rei e-Learning Applikatiounen. Ausserdeem bitt d'Plattform performant Tools fir Website vu Schoulen, Klassen a Projeten ze bauen. Den oli.education.lu bitt all Funktiounen vum aktuellen oli.lu, an all zukünfteg Neierungen um oli.lu wäerten och automatesch am oli.education.lu disponibel sinn. Doriwwer eraus ginn et e puer wichteg Virdeeler fir Enseignanten a Schüler zu Lëtzebuerg:
Mir wënschen alle Schüler an Enseignante vill Spaass mat der neier Plattform! oli |