oli.education.lu e-Learning Platform NewsDräi nei Apps fir d'drëtt Trimester!16. avril 2018, par oliNodeems am zweeten Trimester gutt geschafft ginn ass, ginn et elo als Belounung dräi nei Geschécklechkeetsspiller fir Grouss a Kleng, déi un déi gutt al Atari-Zäiten erënneren. "Tennis" erënnert un de Klassiker PONG, wou ee géint de Computer spillt. Bei "Break Out" muss een Zillen ofschéissen, a beim "Schlaangespill" muss ee Stäre sammelen an oppassen, dass ee net mat der Schlaang arennt. Déi nei Geschécklechkeetsspiller fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/collections/games/ Vill Spaass domat wënscht oli Nei Sichmaschin ass elo online31. janvier 2018, par oliMir si frou matdeelen ze kënnen, dass eis nei Sichmaschin elo online ass. D'Engine gouf komplett nei geschriwwen, se weist méi genee Resultater a se gouf weider fir mobil Geräter ugepasst. Déi wichtegst Ännerunge sinn:
Mir hoffen, dass déi nei Sich d'Produktivitéit op der ganzer Plattform nach weider verbessere wäert. Vill Spaass domat wënscht Deng Oli Equipe oli Bildwörterbuch mat iwwer 1500 Biller elo online9. janvier 2018, par oliEist neit Bildwörterbuch fir Schüler, Elteren an Enseignanten ass elo online: https://ssl.education.lu/oli/lu/media/ Du kanns d'Biller fräi an denger Klass benotzen, zB fir Wierder ze erklären oder fir Aarbechtsblieder ze maachen. Mat eiser Suchmaschin kanns de och ganz einfach no Biller a no Iwwersetzunge sichen, an dat a 4 Sproochen (Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch). D'Suchmaschin bitt bei der Sich och Biller un, déi zu dengem Suchbegrëff passen. Dofir ass et och e flotten Tool fir no Wierder zu engem Thema ze sichen, oder zB fir Aufsätz oder Geschichten ze schreiwen. Déi meeschte Biller sinn ausserdeem als Ausmolbild disponibel. Wann s du e Bild auswiels, da weist d'Suchmaschin der och déi verschidden Iwwersetzungen un. Dofir ass et och nach eng gutt Méiglechkeet, fir Sproochen a Vokabelen ze léieren. Doriwwer eraus ginn et dann och nach 2 nei Apps, déi op deene neie Biller opbauen. Mat der "Biller-Vokabelen" App kanns de Vokabelen a 4 Sproochen üben, mat der "Zielen" App léieren d'Kanner Biller am Zueleraum bis 100 zielen. Déi 2 nei Apps fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/apps/vocpix/run/ En Update mat weidere Biller ass scho fir d'nächst Schouljoer geplangt. Wann s du der Meenung bass dass wichteg Biller feelen, da kanns du eis natierlech och gäre Suggestiounen eraschécken. Vill Spaass mam neie Bildwörterbuch wënscht oli Iwwer 200 Verbesserungen a nei Funktioune fir d'Rentrée!26. octobre 2017, par oliAn de leschten 3 Méint hu mir vill um Oli geschafft, fir d'Plattform nach méi performant a nach méi benotzerfrëndlech ze maachen. D'virtuell Klass gouf komplett iwwerschafft, a mat der neier "Klassebuch" Web-App kanns du elo och Buch iwwer deng Aktivitéite féieren, Hausaufgaben androen, Absence notéieren, a villes méi. Deng eege Klass kanns du elo och ganz einfach op www.schoulklass.lu publizéieren – mat News, Fotoen, Texter, Stonneplang, a villem méi. Dat klappt natierlech och, wanns du nach keng Schoul-Websäit um Oli hues. Eng Iwwersiicht iwwer all nei Funktioune fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/blog/news/201709/ Wéi gewinnt ginn deng Klass an deng Schüler am neie Schouljoer automatesch aus dem Scolaria iwwerholl. Wanns du Froen, Problemer oder Suggestiounen hues, dann zéck net dech iwwer de Menüpunkt "Hëllef" ze mellen, oder schreif e Mail un helpdesk@cgie.lu. Vergiess net dass mir och Formatiounen iwwer den IFEN ubidden, zéck net eis ze schreiwen wann deng Schoul eng Demo vun der Plattform wëll. Vill Spaass a vill Erfolleg mam Oli wënscht weiderhin Deng Equipe vun oli.education.lu oli Alles prett fir d’Rentrée 17/1814. septembre 2017, par oliMir wënschen alle Schüler an Enseignanten e gudde Start an dat neit Schouljoer. Um oli.education.lu ginn et dann och eng ganz Rei Verbesserungen, ënner anerem hu mer d’virtuell Klass komplett iwwerschafft, sou dass alles vill méi iwwersiichtlich ginn ass. Mir soen all deene Merci, déi den Oli benotzen a virun allem och deenen, déi eis Feedback ginn hunn fir esou d’Plattform weider ze verbesseren! Wanns du dech dëst Schouljoer nei aloggs, da gëtt deng virtuell Klass automatesch ugeluecht a configuréiert. Detailer zur Prozedur fënns de ënner "Hëllef" uewen am Menü. Zéck net eis ze kontaktéiere wanns de nach Froen hues. Vill Erfolleg mam Oli am neie Schouljoer wënscht demno Deng Equipe vum oli.education.lu oli |