oli.education.lu e-Learning Platform News

Updates vum Microblog, Galerie a Web-Publisher

20. janvier 2019, par oli

De Benotzer-Microblog gouf duerch aktualiséiert Funktioune fir ze schreiwen, sharen a like staark verbessert. Den Upload vu Biller ass mat der neier Datei-Pipeline-Technologie méi einfach ginn, eng Funktioun déi geschwënn an alle Beräicher vun der Plattform verfügbar wäert sinn.

Eise neie Galerie-Tool ass vill méi séier wéi déi al Versioun, gläichzäiteg goufen eng Rei Limitten opgehuewen. Déi nei Galerie ass elo an alle Beräicher disponibel, inklusive dem Microblog, Blogs vun de virtuelle Klassen, Websiten a Web Projeten.

D' "Paragraph bäimaache" Funktioun vum Website Manager gouf verbessert, de Benotzerinterface ass elo méi iwwersiichtlech an erlab och déi meeschte Widget-Typen direkt bäizemaachen (dofir ware virdrun 2 Schrëtt noutwendeg).

Mir hoffen, dass dir déi nei Funktioune gefalen, zéck net eis Feedback ze schécken!

Deng Equipe vum Oli

Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'neit Joer!

23. décembre 2018, par oli

Den Oli wënscht iech an äre Familien, äre Schüler an Enseignanten souwéi allen Akteuren aus der Schoul schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'neit Joer.

Deng Equipe vum Oli

Nei App - Rechestäbercher

15. novembre 2018, par oli

Mir hunn elo eng nei App fir Ufänger (C2) publizéiert, mat däer een mat visueller Ennerstëtzung Additiounen a Subtraktiounen übe kann.

D'App bitt souwuel Online-Übungs- wéi och Aarbechtsblat-Drockfunktiounen.

Et ass déi éischt App, die op eisem neien App-Framework 2.0 baséiert, et kënnen dofir och App-Astellunge gespäichert a geluede ginn. Gespäichert Astellunge kënnen an dengem perséinlechen Account souwéi an denge virtuelle Klasse siichtbar gemaach ginn, an Enseignante kënnen elo App-Konfiguratioune fir hir Schüler ariichten.

Mir hoffen, dass dir déi nei App gefällt!

Vill Spaass domat

Deng Equipe vum Oli

Rentrée 2018/2019

15. septembre 2018, par oli

D'Equipe vum Oli wënscht alle Schüler an Enseignanten eng gutt Rentrée fir dat neit Schouljoer.

Mir hu ganz vill Detailverbesserungen um Site virgeholl an hoffen, dass de Start mat alle neie Funktioune gutt klappt.

Um Oli.education.lu gëtt et elo fir all Enseignant automatesch eng eege, perséinlech Klass, déi iwwer déi ganz Carrière vum Enseignant bestoe bleift. Weider Infos dozou fënnt een am Hëllefs-Beräich vum oli.education.lu.

Vill Spaass mat der neier Versioun wënscht

Deng Equipe vum Oli

Schéi Vakanz!

15. juillet 2018, par oli

D'Equipe vum Oli wënscht alle Schüler an Enseignanten eng schéin an erhuelsam Vakanz.

Mir notzen dës Zäit fir weider Verbesserungen um Website ze maachen, déi da wäerten am September online goen.

Deng Equipe vum Oli