oli.education.lu e-Learning Platform NewsLOGO Programméiersprooch elo um Oli!29. novembre 2021, par oliVun elo un kanns du deng eege LOGO Programmer direkt an dengem Web Browser um Oli schreiwen a lafe loossen.
LOGO ass eng pädagogesch Programméierungssprooch, mat däer souguer méi jonk SchülerInne flott Biller kreéiere kënnen. Mat nëmmen e puer Zeechebefeeler kannns de eege Grafike kreéieren, vun einfache geometresche Formen bis zu komplexen, faarwegen Animatiounen. Och jonk Schüler kënnen hir éischt Programmer mat LOGO schreiwen, wärend gläichzäiteg logescht Denken, virausschauend Denken an d'Verständnis vu Prozesser gefërdert ginn. An eiser LOGO Web App ginn et souwuel Demo Programmer wéi och einfach Erklärungen vun de wichtegste Befeeler, sou dass du direkt deng éischt Schrëtt an d'Welt vun der Programméierung maache kanns. Probéier elo eis LOGO Web App aus: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/-/logo/ Vill Spaass mat der neier Software! Deng Equipe vum Oli Audio Recorder22. novembre 2021, par oliVun elo un kënne SchülerInnen an Enseignanten hir eegen Tounopnamen direkt op der Plattform maachen.
Den integréierten Audio Recorder kann direkt iwwer de Mikro vun dengem Computer, Tablet oder Smartphone ouni zousätzlech Software ophuelen. Du kanns fäerdeg Opnamen dann direkt op der Plattform späicheren a se an allen Tools benotzen, déi Audio-Elementer ënnerstëtzen. Du fënns den Audio Recorder an der App Lëscht, an ass awer och direkt am Datei Manager disponibel. De Recorder ass och direkt an d'Wuert- a Vokabellëschten integréiert, du kanns also elo fehlend Opnamen an de Lëschte selwer bäisetzen. Hei kann een den Audio Recorder ausprobéieren: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/-/audio_recorder/ Vill Spaass mam Update! Deng Equipe vum Oli Nei Ëmfro / Ofstëmm-Funktioun ass online!15. novembre 2021, par oliSchülerInnen an Enseignante kënnen elo hir eegen Ëmfroen um Oli erstellen an deelen.
Den agebaute Ëmfro-Editor erlaabt verschidden Zorte vu Sondagen ze kreéieren, vun einfache Votings bis zu Multiple-Choice Sondagen. Ëmfroen an Ofstëmmungen kënnen ëffentlech gemaach ginn, se kënnen iwwer e Link gedeelt ginn oder un Frënn a Klassekomeroden iwwer däin eegene Microblog verdeelt ginn. Ëmfroe kënnen och op Schoul- a Klasse-Website iwwer e neie Widget-Typ integréiert ginn. Du fënns de neien Ëmfro Feature an dengem Haaptmenü, lénks direkt nodeems du dech ageloggt hues! Vill Spaass mam Update Deng Equipe vum Oli E gudde Start an dat neit Schouljoer!14. septembre 2021, par oliD'Oli Team wënscht alle Schüler, Elteren an Enseignanten en erfollegräiche Start an dat neit Schouljoer.
An der Summervakanz hu mir vill Verbesserunge vum Programmcode gemaach, wat d'Plattform nach méi séier a méi zouverlässeg mécht, a wat déi zukünfteg Entwécklung vun neie Funktiounen weider vereinfacht. Vill Spaass an Erfolleg mam Oli och weiderhin wënscht Eege Wuertlëschten elo fir all Benotzer28. juillet 2021, par oliVun elo un kënnen all Benotzer vun der Plattform - egal ob Schüler oder Enseignanten - hir eege Lëschte mat Wierder, Verben a Vokabele maachen an se dann an den e-Learning Apps vun der Plattform benotzen.
Virdru grouf et dës Optioun nëmme fir Enseignanten an de Virtuelle Klassen, elo kann all Benotzer dës Méiglechkeet direkt um Dashboard fannen. Zousätzlech zu Lëschte kann een och Texter späicheren, an d'Plattform kann da mat e puer Klicks eege Wuertlëschte generéieren, déi een da benotze kann fir Aarbechtsblieder oder Online-Exercicer ze generéieren. Vill Spaass mam Update |