oli.education.lu e-Learning Platform News

Nei Hëllefssäiten elo online.

27. mars 2019, par oli

Mir hunn elo eis nei Hëllefssäite publizéiert, op deenen aktuell Benotzerfunktiounen, Community-Funktiounen an Tools fir d'Baue vu Websiten behandelt ginn.

Dee ganzen Hëllefsberäich ass am Moment allerdéngs nëmmen an englescher Sprooch disponibel, däitsch a franséisch Versioune sollen zu engem spéideren Zäitpunkt kommen.

Am Moment schaffe mir un weidere Säiten, déi sech mat E-Learning-Apps, virtuelle Klassen a Schoulgestioun befaassen.

Mam Update vun Haut ass et elo och méiglech, Schülertexter ganz einfach bei Blogmessage bäizemaachen, wärend de Website-Manager elo och faarweg Notizen ënnerstëtzt. Doriwwer eraus bidde Web- a Publishing-Tools e verbesserte Caching vum Contenu.

Vill Spaass mat de neie Funktiounen

Deng Equipe vum Oli

Verbesserunge bei Privatsphär a Jugendschutz

8. mars 2019, par oli

Déi wichtegst Kommunikatiouns-Tools (Microblog, Frëndschaften, Chat a Messagen) kënnen elo fir all Konto getrennt aktivéiert oder desaktivéiert ginn.

Benotzer kënnen dës Funktiounen iwwer hir Kontosäit aktivéieren oder desaktivéieren, an Eltere kënnen dës Funktioune beispillsweis och fir hir Kanner spären.

Nëmmen Erwuessener kënnen dës Spären ophiewen, wärend Mannerjäreger e virgedréckten, vun hiren Elteren ënnerschriwwenen Autoriséierungsformulaire eropluede mussen.

Enseignante kënnen dës Funktiounen och fir all SchülerInnen iwwer d'Klassebuch-Applikatioun aktivéieren oder desaktivéieren.

Vill Spaass mam Update
Deng Equipe vum Oli

Blog a Website Update

2. mars 2019, par oli

De Blog-Modul ënnerstëtzt elo eis Standard-Kommentarfunktioun. Dat bedeit, datt registréiert Benotzer Blog-Posts an enger virtueller Klasse oder op enger Schoulwebsäit souwuel "like" wéi och kommentéiere kënnen. Denk drun, dass d'Kommentarfunktioun souwuel an denger virtueller Klass wéi och op denger Websäit manuell mussen aktivéiert ginn.

Mam "virtuell Klass" Website-Widget kënnen elo Inhalter aus bis zu aacht Klasse gläichzäiteg ugewise ginn. Dozou gehéieren och Blogbäiträg, Texter, Fotoen an aner Medien.

De Blog-Editor gouf och aktualiséiert, an et ginn elo direkt Links op all benotzte Verzeechnisser. D'Duerstellungs-Logik vum Galerie-Modul gouf och verbessert, an de Smartphone-Interface vum Blog-Editor a vum Media Manager goufe weider ugepasst.

Vill Spaass mam Update!
Deng Equipe vum Oli

Nei Zieler an Aufgaben App-Versioun

23. février 2019, par oli

Mir hunn d'"Zieler an Aufgaben" App an der virtueller Klass an deene läschten Deeg komplett iwwerschafft. D'App huet elo en ähnleche Benotzerinterface wéi eis beléifte "Wocheplang" App.

D'App ënnerstëtzt elo déi selwecht Statusfortschrëttslogik, déis de och vläicht scho vun de Wochepläng hir kenns, an d'Usiicht vun de Schüler gouf entspriechend ugepasst. Statusännerunge kënne séier fir all Aufgaben-Tickets gläichzäiteg virgeholl ginn, an d'Statusfunktioun ass och direkt mat der allgemenger Fortschrëttslogik vun den Aufgabe verknäppt.

Den Dateimanager gouf verbessert an ënnerstëtzt elo direkt App-Exercicer. Dat funktionnéiert aktuell mat Apps, déi den App Framework 2.0 ënnerstëtzen.

D'Ticketusiicht ass elo och e bësse méi kleng, sou dass se besser op kleng Bildschiermer passt.

Mir hoffen, dir gefällt déi nei Versioun. Bedenk w.e.g., dass mir des App an de nächste Méint weider verbessere wäerten, a Feedback ass ëmmer wëllkomm.

Deng Equipe vum Oli

App Update - Kapprechnen

16. février 2019, par oli

D'Kapprechnen-App ass komplett nei geschriwwe ginn, baséirend op eisem neien App Framework 2.0.

Géigeniwwer der Virgängerversioun ginn et vill Verbesserungen, déi wichtegst sinn:

- Ennerstëtzt souwuel "a + b =?" wéi och "a +? = c".
- Ennerstëtzung vu Klammeren.
- Ennerstëtzung vu negativen Zuelen.
- Du kanns Stellen direkt uginn.
- Du kanns d'Unzuel vu de Froe fräi wielen.
- Du kanns all Froen op einger Säit beäntweren, oder eng no däer anerer.
- Konfiguratioune kënnen gespäichert a rëm geluede ginn.
- Printen ënnerstëtzt d'Formater A4 (Europa) a Letter (US).

Mir hoffen, dass alles wéi erwaart funktionnéiert - zéck net, eis bei Problemer oder Froen / Iddiën ze kontaktéieren!

Mir hoffen, dass dir déi nei App gefällt.

Deng Equipe vum Oli