oli.education.lu e-Learning Platform NewsUpdate: Klassebuch mat e-Bichelchen a Print-Optioun10. janvier 2024, par oliDéi nei Versioun vum Oli Klassebuch ass elo disponibel, déi wéi gewinnt als Applikatioun an der Virtueller Klass ze fannen ass. Follgend Verbesserunge sinn elo online:
1) No enger Testphase ass elo d'e-Bichelchen als Web Applikatioun integréiert, dës Optioun kann een un- an ausschalten, an et kann ee wielen ob een d'e-Bichelchen well als Haaptsäit oder Alternativsäit am Klassebuch gesinn. 2) Am Klassebuch selwer kann een elo direkt op en Datum sprangen, wat et vill méi einfach mécht op méi al Wochen zréck ze kommen. 3) Als Enseignant kann een elo eng ganz Woch direkt als duebel PDF Säit ausdrécken, sou dass een säin Oli-Klassebuch och kann an e Classeur maachen, oder direkt an d'Pabeierform vum Klassebuch pechen. Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli Schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer!21. décembre 2023, par oliD'Equipe vum Oli wënscht Iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'neit Joer!
2023 war e spannend Joer fir den Oli mat ville Neierungen, déi mir hei nach eng Kéier wëlle Revue passéiere loossen: Et sinn insgesamt 12 nei Rechen-Applikatioune bäikomm: Strecken, Wénkelen, Rechenzich, Rechekëschten, Zuele vergläichen, Bréch, Recheschrëtter, Zahlenstrahl, Gruppéieren (Mengen), Zuelen a Buschtawe schreiwen, Mustere molen, souwéi Rechne mat Biller. D'Apps "Zielen" a "Geld" goufe komplett iwwerschafft, a villen Apps koumen nei Optiounen dobäi: Gewiichter ëmwandelen, Zielen an Einmaleins mat Stäbercher, souwéi Multiplikation an Divisioun mat Biller a Punkten. Am Beräich Audio a Musek si 5 nei Apps bäikomm (Synthesizer, Drum Computer, Stëmmgerät, Metronom a Spectrum Analyzer), am Beräich Molen an Zeechne koum d'App "Pixel Art Painter" dobäi. Doriwwer raus ginn App-Astellungen elo gespäichert, et gëtt e verbesserte Layout op den Aarbechtsblieder souwéi d'Optioun vun enger Autokorrektur op ville Recheblieder. D'Virtuell Klass ass komplett iwwerschafft ginn, SchülerInne kënnen elo Lëschten aus hirer Klass an den Apps notzen, eege Biller kënnen an de Lëschten an Exercicer genotzt ginn, et gëtt e Rolle-Management fir Enseignanten, d'Schreibwerkstatt huet e neie PDF Export kritt, an den Zoufalls-Generator kann elo Schüler-Gruppe generéieren. Bei de Wochepläng gesäit een elo Infos zu eelere Wochepläng, net ofgeschlossen Aufgabe kënnen elo op de nächste Plang iwwerholl ginn, an Aufgabe kënnen elo vun de Prozenter ausgeschloss ginn. Bei der Duerstellung vu Gruppe ginn elo just nach déi Aufgaben an der Iwwersiicht ugewisen, déi den ausgewielte Grupp betreffen, a beim Printe vum Wocheplang kann een elo och den Total vun de Prozenter um Blat uweise loossen. Beim Website Management (CMS) ass de neie Clone Widget bäikomm, an de Schoul Widget gouf verbessert. De Modul "Tabell" ass iwwerschafft ginn, pro Tabell kann een elo eng Rei Astellunge maache fir d'Duerstellung unzepassen. E-Mail Adressen an Telefonsnummere kënnen an den Tabellen direkt klickbar gemaach ginn, fir d'E-Mail Adresse gëtt et en elementare Bot-Schutz. Ausserdeem kann een d'Daten direkt aus Excel oder CSV Tabellen importéieren, déi een am Dateimanager eropluede kann. Dat war et da fir dëst Joer, déi nächst Updates si schonn an Aarbecht a kommen dann ab Januar 2024! Update: Nei Versioun vun der App "Recheschrëtt"18. décembre 2023, par oliD'App "Recheschrëtt" huet e puer wichteg nei Funktioune bäikritt:
1) Nieft "Feiler" a "Këschten" gëtt et elo mat "Zeilen" eng nei Duerstellungsform. 2) Den Zueleraum geet elo bis 1000, an et kann een och Recheschrëtt nom Schema "320 + 120 = 320 + 100 + 20" oder "325 + 120 = 325 + 100 + 20" üben. 3) Et kann een Additioun a Subtraktioun mat Zuele bis 10 nom Schema "35 + 9 = 35 + 5 + 4" üben. 4) Bei de "Feiler" a "Këschten" ginn elo op Aarbechtsblieder bei den Tëscheschrëtt direkt Plus- a Minussymboler geprint. Déi nei Versioun fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/-/math_steps/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli Update: Nei Versioun vun der App "Geld"14. décembre 2023, par oliD'App "Geld" ass komplett iwwerschafft ginn, hei sinn déi wichtegst Verbesserungen:
1) De Layout op de PDF Aarbechtsblieder ass komplett nei, vill méi iwwersiichtlech a méi verständlech. 2) Mat der neier Optioun "Zoufall" kann een d'Aufgabentypen an den Online-Exercicer an op Aarbechtsblieder mëschen. 3) Beim Aufgabentyp "Rechne mat Geld" kann een elo wielen tëscht Additioun, Subtraktioun oder béidem. 4) Beim Aufgabentyp "Bezuelen a Geld zréck" ginn et elo Präisser mat Cent / Kommazuelen, an et kann ee mat 2 Schäiner bezuelen. Déi nei Versioun fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/-/money/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli Updates: Rechen-Apps, Wocheplang, Website, ...4. décembre 2023, par oliAm éischten Trimester 23/24 gouf et nach eng Rei wichteg nei Features an Updates, op déi mir nach wéilten opmierksam maachen:
1) D'Léier-App "Einmaleins / Multiplikatioun" ënnerstëtzt elo d'Übe vu Multiplikation an Divisioun mat Biller a Punkten, wat virun allem fir den C2 an C3 flott ass. Déi nei Optioun gëllt souwuel fir Aarbechtsblieder wéi och fir Online-Exercicer. 2) D'Léier-App "Recheschrëtt" ënnerstëtzt elo Additioun a Subtraktioun am Zueleraum bis 1000 (bis elo just bis 100), ausserdeem gëtt et eng Optioun fir opegronnten Zuelen a Schrëtt ze üben (zB 320 + 120 = 320 + 100 + 20). Déi nei Optioune gëlle souwuel fir Aarbechtsblieder wéi och fir Online-Exercicer. 3) Am Wocheplang gi bei der Duerstellung vu Gruppe elo just nach déi Aufgaben an der Iwwersiicht ugewisen, déi den ausgewielte Grupp betreffen, Pläng ginn esou méi iwwersiichtech wann ee vill differenzéiert. Den Total vun allen Aufgaben, déi pro Schüler op net ofgeschlossene Pläng nach opstinn, gëtt elo an der Iwwersiicht souwéi an der Schülerbox ugewisen. 4) Am Website CMS gouf de Paragraph "Tabell" iwwerschafft, pro Tabell kann een elo eng Rei Astellunge maachen fir d'Duerstellung unzepassen. E-Mail Adressen an Telefonsnummere kënnen direkt klickbar gemaach ginn, fir d'E-Mail Adresse gëtt et en elementare Bot-Schutz. Ausserdeem kann een d'Daten direkt aus Excel oder CSV Tabellen importéieren, déi een am Dateimanager eropluede kann. Apple Numbers Dateie gi via Excel oder CSV Export ënnerstëtzt. Am Dateimanager vum CMS gëtt et dann och eng nei Rubik "Tabellen", de Contenu vun enger Tabell gëtt och hei direkt ugewisen. Vill Spaass mat de neie Features wënscht Deng Equipe vum Oli |