oli.education.lu e-Learning Platform News

Schéi Vakanz!

14. juillet 2023, par oli

D'Equipe vum Oli wënscht alle SchülerInnen an Enseignanten eng schéin an erhuelsam Summervakanz!

Denkt drun, dass mir kuerz no Schoulschluss d'SchülerInnen aus de Klassen eraushuelen, kuerz viru Schoulufank kënnen déi nei Schüler dann erëm automatesch importéiert ginn (via Scolaria). Och an der Vakanz schaffe mir natierlech weider u neien Tools a Verbesserungen, an de Support ass selbstverständlech och aktiv.

Mir notzen dann och d'Geleeënheet fir eng kleng Lëscht ze presentéieren, wat fir eng nei Tools a Funktiounen am Laf vum Schouljoer 2022 / 2023 um Oli bäikomm sinn:

1) Virtuell Klass:

1.1) De Look and Feel vun der Virtueller Klass gouf komplett iwwerschafft
1.2) Et gëtt e neie Rolle-Management fir den Accès vun Teams, Co-Teachers, Maison Relais, Stagiairen, asw. ze geréieren
1.3) Et kann een eege Biller an de Wuert- a Vokabellëschte notzen, déi dann automatesch och an de Léier-Apps (Online-Exercicer an Aarbechtsblieder) kënne genotzt ginn
1.4) Den Zoufalls-Generator kann elo Schüler-Gruppe generéieren

2) Léier-Apps:

2.1) D'Astellunge vun den Apps gi gespäichert, lokal um Computer an am eegenen Account

2.2) An de Sproochen-Apps kënne SchülerInnen elo hir eege Wuert- a Vokabellëschte notzen
2.3) An de Sproochen-Apps ginn automatesch Biller a Fotoen iwwerholl, déi vu SchülerInnen an Enseignanten an hire Lëschte bäigesat goufen

2.3) Et si 6 nei Apps am Rechne bäikomm: Rechekëschten, Rechenzich, Bréch, Vergläichen, Strecken a Wénkelen
2.4) An der App "Emwandelen" kann een elo och Gewiichter benotzen
2.5) Mat der App "Rechestäbercher" kann een elo och zielen an d'Einmaleins üben
2.6) An der App "Rechenhaiser" kann ee fix Valeuren uginn

2.7) De Layout vun de Rechen-Apps gouf verbessert, mat neien Optiounen
2.8) A véier Rechen-Apps gëtt et elo eng Autokorrektur fir d'SchülerInnen (Kapprechnen, Tafelrechnungen, Multiplikatioun a Réimesch Zuelen)

2.9) Mam Pixel Art Painter gëtt et eng weider nei App fir online ze molen
2.10) Et gi 5 nei Apps am Beräich Audio a Musék: Metronom, Synthesizer, Drum Computer, Stëmmgerät a Spectrum Analyzer

3) Plattform a Website-Manager:

3.1) E neien Chat a Messaging System vereinfacht d'Kommunikatioun
3.2) Am Website Manager koum e neie Clone Widget bäi an der Schoul Widget gouf verbessert

Vill Spaass beim Entdecken an Teste vun alle neien Tools wënscht

Deng Equipe vum Oli

Zielen an Einmaleins mat Stäbercher

12. juillet 2023, par oli

Vun elo un gëtt et dräi nei Optiounen an der "Rechestäbercher" App:

1) Et kann een Zuelen vun 1 bis 100 mat Stäbercher zielen, woubäi een den Zueleraum (Minimum a Maximum) fräi definéiere kann, dëst eegent sech virun allem fir den C1 an den C2.

2) Et kann ee Multiplikatioune visuell üben, woubäi een d'Reien (1 bis 10) wiele kann, ausserdeem kann een och gezielt zB 2x, 5x oder 10x üben, wat sech virun allem fir den C2 an C3, deelweis awer och nach fir den C4 eegent.

3) Et kann een eng Infosäit printen mat de Stäbercher vun 1 bis 10, jeweils mat oder ouni Zuelen dobäi.

Du kanns entweder Aarbechtsblieder mat de neien Optiounen drécken, oder direkt online üben (online net disponibel bei der Infosäit).

D'App fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​math_​rods/​

Vill Spaass mat de neie Méiglechkeete wënscht

Deng Equipe vum Oli

Autokorrektur op Recheblieder

10. juillet 2023, par oli

Vun elo un kann een op enger Rei Mathé-Aarbechtsblieder direkt Këschte mat de Resultater ausdrécke loossen, sou dass d'SchülerInnen hir schrëftlech Aufgabe selwer kontrolléieren a verbessere kënnen. Dat mécht d'Aarbecht fir d'Elteren an d'Enseignante nach méi einfach, an och d'SchülerInne kréien elo en direkte Feedback wann se Aufgaben um Pabeier maachen.

Déi nei Optioun ass beim Kapprechnen, bei den Tafelrechnungen, beim Einmaleins (Multiplikatioun) a bei de Réimeschen Zuelen disponibel an ass dann och jeeweils standardméisseg aktivéiert. Selbstverständlech kann ee beim Printen dës Optioun och desaktivéieren, wann dat net gewënscht ass.

An der "Rechenhaiser" App gëtt doriwwer eraus dann elo och d'Méiglechkeet, fix Zuelen amplaz vun engem Zueleraum unzeginn. Dës Optioun ass hei elo och standardméisseg aktiv, mat den Zuelen 5, 10, 15 an 20 par défaut.

Vill Spaass mat der neier Autokorrektur a weideren Optioune wënscht

Deng Equipe vum Oli

Verbesserte Layout a nei Optioune fir Aarbechtsblieder

5. juillet 2023, par oli

Mam Update vun haut sinn elo d'Aufgaben op de Mathé-Aarbechtsblieder besser regruppéiert an och nummeréiert, sou dass ee souwuel als SchülerIn wéi och als Enseignant oder Elteren eng besser Iwwersiicht huet, ausserdeem kann een d'Aufgaben esou besser opdeelen.

An der App "Rechenhaiser" kann een elo beim Printe vun Aarbechtsblieder d'Unzuel vun den Haiser auswielen (12, 9 oder 6), bis elo war een do ëmmer op 6 Haiser limitéiert. D'Defaultastellung läit elo bei 9 Haiser.

An der "Auer" App kann een elo och Zäitintervaller op den Aarbechtsblieder üben, dat natierlech och gemëscht mat Auere liesen an zeechnen.

Vill Spaass mat de neie Méiglechkeete wënscht

Deng Equipe vum Oli

Nei: App-Astellunge ginn elo gespäichert

12. juin 2023, par oli

Wann s du elo en Exercice oder en Aarbechtsblat an enger App configuréiers, da verhält den Oli deng Astellungen, sou dass beim nächsten Opruff all Astellungen automatesch iwwerholl ginn.

Dat klappt ouni Aloggen op all Apparat, souwuel um Computer wéi och um Tablet oder Smartphone.

Wann s du ageloggt bass, da ginn d'Astellungen direkt ënnert dengem Account gespäichert, sou dass se dann op all Apparat iwwerholl ginn, deen s du benotz.

Vill Spaass mat de neie Méiglechkeete wënscht

Deng Equipe vum Oli