oli.education.lu e-Learning Platform News

Nei App: Rechnen mat Biller

27. novembre 2023, par oli

Mat der neier Web App "Rechnen mat Biller" gëtt et elo eng weider Méiglechkeet Additioun, Subtraktioun a Multiplikatioun am Zueleraum bis 20 ze üben.

D'App ënnerstëtzt nieft einfache Biller och d'Rechnen mat Punkten, Rechestäbercher, Ziedelen, Spillwierfelen, Spillkaarten a Geld.

Och d'Schwieregkeet léisst sech astellen: Et kann ee wielen ob d'Zehnerüberschreitung soll erlaabt sinn, ob direkt Zuelen ënnert de Biller stinn, an ob d'Resultat och schonn als Bild soll duergestallt ginn.

Beim Geld si nieft dem Euro och US Dollar, Brittesch Pond a Schwäizer Frang disponibel.

Et kann een Aarbechtsblieder drécken, et kann een awer och direkt online üben oder souguer Exercicer astellen a späicheren.

Online Exercicer ginn direkt um Schierm verbessert, beim Drécke vun Aarbechtsblieder gëtt och e Korrekturblaat generéiert.

Wann een als Enseignant en Exercice späichert, kann een d'Resultater vun de SchülerInnen duerno a senger Virtueller Klass gesinn.

Déi nei Versioun fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​image_​calc/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Nei App: Musteren

20. novembre 2023, par oli

Mat der neier "Muster" App kann een elo eegen Aarbechtsblieder an Online-Exercicer mat repetitive Mustere maachen.

D'Schwieregkeet léisst sech flexibel astellen, et kann een d'Faarwen, d'Unzuel vun de Reie souwéi d'Breet vum Muster fräi wielen.

Op Wonsch kann een Hëllefslinnen duerstelle loossen, déi uweise wou d'Muster sech widderhëlt.

Fir de Setup ze vereinfachen, kann een d'Astellungen och iwwer 3 Knäppercher (einfach, normal, schwiereg) maachen.

Et kann een Aarbechtsblieder drécken, et kann een awer och direkt online üben oder souguer Exercicer astellen a späicheren.

Online Exercicer ginn direkt um Schierm verbessert, beim Drécke vun Aarbechtsblieder gëtt och e Korrekturblat generéiert.

Wann een als Enseignant en Exercice späichert, kann een d'Resultater vun de SchülerInnen duerno a senger Virtueller Klass gesinn.

Déi nei App fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​patterns/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Nei Apps: Zuelen a Buschstawe schreiwen

13. novembre 2023, par oli

Mat de neie Web Apps "Zuele schreiwen" a "Buschstawe schreiwen" kann een elo Aarbechtsblieder drécken fir gezielt d'Schreiwe vun Zuelen a Buschstawen ze üben.

Pro Aufgab kann ee bis zu 4 Zuelen oder Bsuchstawen üben. Et kënnen 1, 2 oder 4 verschidden Zeeche pro Blat gedréckt ginn, deemno gi pro Aufgab 1 bis 4 Blieder generéiert.

All Blat kann ee genee u seng Besoins upassen, andeems ee spezifesch Moduler auswielt: Beispiller, a Këschte schreiwen, op Zeilen oder Linne schreiwen, an eng Grille schreiwen (10, 8 oder 5 mm), ausmolen, sichen, asw. 

Déi nei Apps fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​write_​numbers/​

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​write_​letters/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Update: App "Vergläichen" elo mat "Zuelen uerdnen".

8. novembre 2023, par oli

An der App "Vergläichen" gëtt et elo eng nei Funktioun "Zuelen uerdnen", woubäi een dann ëmmer 5 Zuelen der Gréisst no uerdne muss.

D'Reiefolleg gëtt zoufälleg gewielt (vu grouss op kleng, oder ëmgedréit), den Zueleraum selwer kann een astellen.

Déi nei Funktioun ass beim Printe vun Aarbechtsblieder disponibel, leider (nach) net bei den Online-Exercicer.

E Korrekturblat gëtt selbstverständlech generéiert, sou dass SchülerInnen an Enseignanten d'Aufgabe séier an einfach verbessere kënnen.

Déi nei Versioun fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​compare/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Nei App: Gruppéieren (Mengen)

6. novembre 2023, par oli

Mat der neier "Gruppéieren" App kann een elo Punkten a Kordelen vun 1 bis 10 regruppéieren.

Et kann een d'Unzuel vun de Punkte pro Kordel wielen, d'Unzuel vun de Punkten insgesamt (par défaut zoufälleg), ausserdeem kann ee wielen op d'Punktenzuel soll genee opgoen oder ob e Rescht ka bleiwen.

Mat dëser App kann ee nëmmen Aarbechtsblieder drécken, et gëtt hei keen Online-Trainer. Korrekturblieder kënnen och net gedréckt ginn, well et jo vill Méiglechkeete gëtt d'Aufgaben ze léisen.

Déi nei App fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​regroup/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli