oli.education.lu e-Learning Platform News

Gréisser Updates an der Summervakanz

16. july 2026, by oli

An der éischter Halschent vum Joer 2026 hu mir Schrëtt fir Schrëtt all Social- a Community-Features vun der Plattform erausgeholl an op ville Plazen an alle Moduler opgeraumt.

Iwwer d'Summervakanz gëtt elo de kompletten Dashboard an de Microblog duerch neie Contenu ersat, deen d'Plattform méi praktesch an nach méi einfach ze benotze maache soll.

Dës wichteg Etapp huet haut ugefaangen, andeems mir d'Schüler aus de Virtuelle Klassen erausgeholl an de Microblog ofgeschalt hunn. Elo heescht et e bësse Gedold ze hunn, bis déi nächst Moduler installéiert ginn...

Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!

19. december 2025, by oli

D'Equipe vum Oli wënscht Iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'neit Joer!

2025 gouf et ganz vill nei Tools, Funktiounen an Apps um Oli, a mir schaffen elo schonn un de nächsten Updates fir d'Joer 2026.

Dat war et da fir 2025, mir mellen eis da mat weidere Neierungen am Januar zréck!

Neit Spill: Skiing

1. december 2025, by oli

Vun haut un gëtt et mat „Skiing“ e neit Geschécklechkeetsspill, mat deem ee Slalom fueren übe kann.

Et geet net nëmmen drëms, korrekt tëscht de Stangen duerch ze fueren, mee et muss een och mat Geschéck den Obstakelen ausweechen.

D'Längt vun der Pist souwéi de Schwieregkeetsgrad (méi séier a méi Obstakelen) kann een auswielen.

Dat neit Spill fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​skiing/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Nei App: Muséksblat

17. november 2025, by oli

Mat der neier Web App "Muséksblat" kann een elo ganz einfach verschiedde Blieder fir de Muséksunterrecht generéieren an erausdrécken.

Nierft de normale Nouteblieder kann een och Gittar-Tabulaturen, Guittar-Akkorden (Grëffer) a Pianostastature printen.

Selbstverständlech sinn dës Funktiounen och als Moduler am Worksheet Maker disponibel.

Déi nei App fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​musicsheet/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Nei App: Geo Cubes

27. october 2025, by oli

Mat der neier Web App "Geo Cubes" kann een elo 3-dimensional Figuren üben, déi aus Würfelen op engem Spillbriet bestinn.

Et kann een entweder en 3D Bild mat Hëllef vun engem 2D Plang opbauen, oder et kann een den 2D Plang mat Hëllef vum 3D Bild ausfëllen.

Wéi gewinnt kann ee Gréissten, Optiounen a Schwieregkeetsgrade fräi astellen.

Déi nei App fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​geocubes/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli