|
oli.education.lu e-Learning Platform News
Update: Worksheet Maker elo mat Support fir Musék
6. october 2025, by oli
Mam Update vun haut bitt de Worksheet Maker elo nei Funktioune fir Blieder fir de Museksunterrecht ze printen.
Mam "Linnen" Tool kann een elo Noutelinne generéieren, souwuel mat Sol wéi och mat Fa Schlëssel a mat 4/4 oder 3/4 Takt. Doriwwer raus kann ee Gittar-Tabs generéieren, optional kann ee lénks dann d'Noute vun de Säiten duerstelle loossen. An den Tools gëtt et ënnen dann eng nei Rubrik "Musek", hei kann een elo souwuel Akkorde fir Gittar wéi och fir Keyboard duerstelle loossen. Wann een en Akkord auswielt, ginn dann och direkt d'Positioune vun de Fanger op der Gittar an um Keyboard markéiert. Vill Spaass mam Update wënscht Deng Equipe vum Oli
Oli.education.lu op neiem Server
15. september 2025, by oli
Iwwer d'Summervakanz ass den Oli.education.lu op e neie Server geplënnert, an déi ganz Software ass komplett nei installéiert ginn. Dës Migratioun war wichteg, fir dass mir och an Zukunft déi neisten Tools a Funktioune kënnen implementéieren.
Mir hunn all wichteg Funktioune virum Schoulstart getest, trotzdeem kann et natierlech no esou grousse Changementer nach zu klenge Probleemer kommen – falls also irgendeppes net méi sou funktionnéiere sollt wéi gewinnt, da mell dech w.e.g. beim HelpDesk, sou dass mir dat direkt verbessere kënnen. Villmools Merci, Deng Equipe vum Oli
Update: Sprooche Management
23. april 2025, by oli
Mam Update vun haut gëtt den Handling vun der Sproochenauswiel vum Oli verbessert. De Site mierkt sech elo pro Computer / Device, wat deng gewielte Sprooch vun der Plattform ass - wa nach kee manuelle Choix virgeholl gouf, da respektéiert de Site déi ausgewielte Lieblingssprooch, sous condition datt de User ageloggt ass.
Och d'Art a Weis, wéi de Site op e Sproochechangement réagéiert, ass elo verbessert - wann ëmmer méiglech, versicht d'Plattform elo de User op den Ausgangspunkt zréck ze brengen. Vill Spaass mam Update wënscht Deng Equipe vum Oli
Software Maintenance
2. april 2025, by oli
An deene leschten 2 Méint hu mir eng ganz Rei Verbesserungen un der Software gemaach, déi wichteg sinn fir zukünfteg Entwécklungen. Ënner anerem gouf d'Method iwwerschafft, wéi den Oli de User Input verschafft - dës Saache ginn an deene nächsten 3 Wochen installéiert, falls also eppes net méi wéi gewinnt sollt funktionnéieren, da w.e.g. direkt via HelpDesk Bescheed soen!
Doriwwer eraus goufen eng ganz Rei méi kleng Verbesserungen a Bugfixes un den e-Learning Apps virgeholl, sou huet d'App "Wierder ofschreiwen" zB elo en integréierten Timer, ausserdeem goufen e puer Probleemer mat der Generéierung vu Verbe behuewen. Vill Spaass mam Update wënscht Deng Equipe vum Oli
Update WP mat Status Restore a neiem Doc Sort
13. january 2025, by oli
Mat der neier Versioun vum Wocheplang kann een elo als Enseignant d'Backups vum Status (Fortschrëtter pro Schüler bei den Aufgaben) gesinn an - falls néideg - och selwer zrécksetzen. Wann also den aktuellen Zoustand vum WP duerch falsch Manipulatioun, duerch onberechtegten Zougrëff op e Computer oder duerch en technesche Probleem sollt net méi korrekt sinn, da kann den Enseignant mat e puer Klicks en eeleren Zoustand rëm zréckhuelen.
Beim Printe vum Wocheplang ginn d'Dokumenter pro Schüler elo net méi einfach nom Dateinumm sortéiert, mee als éischt no Aufgab. D'Reiefolleg vun den Dokumenter ass beim Printen sou méi logesch, an se ass och ëmmer identesch bei alle Schüler, och wa bei Aufgaben an Dokumenter differenzéiert gëtt. Vill Spaass mam Update wënscht Deng Equipe vum Oli
|
|