oli.education.lu e-Learning Platform News

Nei: Gewiichter ëmwandelen

24. may 2023, by oli

D'App "Emwandelen" ënnerstëtzt vun elo un och Gewiichter (Tonn, Kilogramm, Gramm, Milligramm), et kann ee souwuel Aarbechtsblieder drécken wéi och online üben. Selbstverständlech kann een d'Gewiichter och gemëscht mat aneren Unitéiten üben (Längten, Flächen, Volumen).

Doriwwer eraus kann ee natierlech och eng Stellentafel fir d'Gewiichter printen, a mir hu gläichzäiteg den Interface vun der App iwwerschafft.

Déi nei Versioun vun der App fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​convert/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

5 nei Apps am Beräich Audio a Musék

15. may 2023, by oli

Vun haut un si 5 nei Apps um Oli disponibel, déi een souwuel doheem wéi och an der Schoul benotze kann fir Musék ze maachen.

1. Mam "Metronom" kann een elo den Takt bei der Musék uginn, sou kann ee léiere méi präzis ze spillen an ze sangen. D'App ënnerstëtzt souwuel de 4/4 wéi och den 3/4 Takt, Tempo/Vitesse kann een astellen.

2. De "Synthesizer" ass e richtegen Online-Synth mat Oszillator an Enveloppe (ADSR), deen een direkt am Web Browser astellen a configuréiere kann. D'App ass mat Absicht einfach gehalen, sou dass d'Schüler experimentéiere kënnen an esou léieren, wéi e Synthesizer funktionnéiert. Spille kann een och direkt mat der Tastuatur (zweet Rei, also ASDFG...).

3. Mam "Drum Computer" kann ee ganz einfach e Beat maachen, andeems een d'Elementer vun der Batterie während dem Spillen direkt iwwer en Tastefeld programméiert. D'App erlabt et 8 oder 16 Schléi ze loopen, Tempo/Vitesse kann ee fräi configuréieren.

4. Mam "Stëmmgerät" kann een eng Gittar oder aner Instrumenter direkt um Oli richteg stëmmen.

5. De "Spectrum Analyzer" schliesslech erlabt et, d'Frequenzen an d'Lautstäerkt am Raum visuell duerzestellen. Hei kann ee näischt direkt produzéieren, et kann een awer gutt Téin a Geräischer visualiséieren.

Déi 5 nei Apps fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​collections/​art/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Nei App: Zuele vergläichen

8. may 2023, by oli

Mat der neier App kann een elo ganz einfach Zuele vergläichen üben (größer, kleiner oder gleich). D'App eegent sech fir all Schüler vum C2 bis zum C4.

D'App erlabt et net nëmmen eenzel Zuelen ze vergläichen (A <=> B), et kann een d'Übung och mat Rechnungen nom Schema A+B <=> C oder A+B <=> C+D maachen, woubäi d'App natierlech och Subtraktioun, Multiplikatioun an Divisioun ënnerstëtzt.

Et kann een Aarbechtsblieder drécken, et kann een awer och direkt online Üben oder souguer Exercicer astellen a späicheren.

Online Exercicer ginn direkt um Schierm verbessert, beim Drécke vun Aarbechtsblieder gëtt och e Korrekturblat generéiert. Wann een als Enseignant en Exercice späichert, kann een d'Resultater vun de SchülerInnen duerno a senger Virtueller Klass gesinn.

Wéi gewinnt bitt d'App eng ganz Rei Astellungsméiglechkeeten, sou kann een den Zueleraum fräi wielen (och Kommazuelen a negativ Zuelen), d'Komplexitéit vun den Aufgaben, an déi jeweileg Operatiounen (Additioun, Subtraktioun, Multiplikation an Divisioun).

Déi nei App fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​compare/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Nei App: Pixel Art Painter

5. may 2023, by oli

Mat der neier App kann een elo Biller molen, wéi een se aus aale Videospiller an Homecomputer aus de 70er an 80er Joere kennt. Déi sougenannte "Pixel Art" Biller ginn aktuell ëmmer méi beléift, an et gëtt enzwëschen eng grouss international Online Community a Fanbase dozou. Ausserdeem ass et e groussen Challenge, mat einfachste Mëttelen attraktiv Biller ze molen.

Faarfpalette bestinn ëmmer aus 16 verschiddene Faarwen, woubäi eis App och direkt d'Palette vun enger Rei populäre vintage Systemer bitt: Commodore 64 (VIC-II) an 128 (VDC), Apple II, IBM PC CGA, an d'Mattel Intellivision Spillconsol. Um Oli kann een déi verschidde Paletten och gläichzäiteg op engem Bild notzen, wat natierlech op den ursprüngleche Systemer net méiglech war.

An der aktueller Versioun kann ee leider nach keng Biller lueden, späicheren oder printen, dat soll awer mat engem zukünftegen Update kommen.

Déi nei App fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​pixel_​art/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Nei App: Rechekëschten

3. may 2023, by oli

Mat der neier App gëtt et elo eng weider Méiglechkeet fir Additioun, Subtraktioun, Multiplikatioun an Divisioun ze üben. D'App eegent sech fir all Schüler vum C1 bis zum C4, an och fir am Lycée.

Et kann een Aarbechtsblieder drécken, et kann een awer och direkt online üben oder souguer Exercicer configuréieren a späicheren.

Online Exercicer ginn direkt um Schierm verbessert, beim Drécke vun Aarbechtsblieder gëtt och e Korrekturblat generéiert. Wann een als Enseignant en Exercice späichert, kann een d'Resultater vun de SchülerInnen duerno a senger Virtueller Klass gesinn.

Wéi gewinnt bitt d'App eng ganz Rei Astellungsméiglechkeeten, sou kann een den Zueleraum fräi wielen (och Kommazuelen), d'Operatiounen (Additioun, Subtraktioun, Multiplikatioun, Divisioun) als Optioun huelen, et kann een d'Unzuel vun de Këschten auswielen, etc.

Déi nei App fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​math_​boxes/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli