oli.education.lu e-Learning Platform NewsNei: App-Astellunge ginn elo gespäichert12. june 2023, by oliWann s du elo en Exercice oder en Aarbechtsblat an enger App configuréiers, da verhält den Oli deng Astellungen, sou dass beim nächsten Opruff all Astellungen automatesch iwwerholl ginn.
Dat klappt ouni Aloggen op all Apparat, souwuel um Computer wéi och um Tablet oder Smartphone. Wann s du ageloggt bass, da ginn d'Astellungen direkt ënnert dengem Account gespäichert, sou dass se dann op all Apparat iwwerholl ginn, deen s du benotz. Vill Spaass mat de neie Méiglechkeete wënscht Deng Equipe vum Oli Nei App: Bréch7. june 2023, by oliMat der neier App kann een elo ganz einfach Brochrechnungen an den Ëmgang mat Bréch üben. Et kann ee net nëmme mat Bréch rechnen, et kann een och Diagrammer liesen (Taarten, Këschten, Punkten, etc), et kann ee vergläichen (méi kleng, gläich, méi grouss), et kann ee Bréch kierzen, an och Bréch a Kommazuelen ëmwandelen. D'App eegent sech fir all Schüler am C3 an am C4, souwéi fir de Lycée.
Et kann een den Zueleraum an d'Schwieregkeet astellen, als Operatioune stinn Additioun, Subtraktioun, Multiplikatioun an Divisioun zur Verfügung. D'App ënnerstëtzt och Minuszuelen, an et kann ee natierlech och all Aufgabeforme mëschen. Et kann een Aarbechtsblieder drécken, et kann een awer och direkt online üben oder souguer Exercicer astellen a späicheren. Online Exercicer ginn direkt um Schierm verbessert, beim Drécke vun Aarbechtsblieder gëtt och e Korrekturblat generéiert. Wann een als Enseignant en Exercice späichert, kann een d'Resultater vun de SchülerInnen duerno a senger Virtueller Klass gesinn. Déi nei App fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/-/fractions/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli Nei: Gewiichter ëmwandelen24. may 2023, by oliD'App "Emwandelen" ënnerstëtzt vun elo un och Gewiichter (Tonn, Kilogramm, Gramm, Milligramm), et kann ee souwuel Aarbechtsblieder drécken wéi och online üben. Selbstverständlech kann een d'Gewiichter och gemëscht mat aneren Unitéiten üben (Längten, Flächen, Volumen).
Doriwwer eraus kann ee natierlech och eng Stellentafel fir d'Gewiichter printen, a mir hu gläichzäiteg den Interface vun der App iwwerschafft. Déi nei Versioun vun der App fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/-/convert/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli 5 nei Apps am Beräich Audio a Musék15. may 2023, by oliVun haut un si 5 nei Apps um Oli disponibel, déi een souwuel doheem wéi och an der Schoul benotze kann fir Musék ze maachen.
1. Mam "Metronom" kann een elo den Takt bei der Musék uginn, sou kann ee léiere méi präzis ze spillen an ze sangen. D'App ënnerstëtzt souwuel de 4/4 wéi och den 3/4 Takt, Tempo/Vitesse kann een astellen. 2. De "Synthesizer" ass e richtegen Online-Synth mat Oszillator an Enveloppe (ADSR), deen een direkt am Web Browser astellen a configuréiere kann. D'App ass mat Absicht einfach gehalen, sou dass d'Schüler experimentéiere kënnen an esou léieren, wéi e Synthesizer funktionnéiert. Spille kann een och direkt mat der Tastuatur (zweet Rei, also ASDFG...). 3. Mam "Drum Computer" kann ee ganz einfach e Beat maachen, andeems een d'Elementer vun der Batterie während dem Spillen direkt iwwer en Tastefeld programméiert. D'App erlabt et 8 oder 16 Schléi ze loopen, Tempo/Vitesse kann ee fräi configuréieren. 4. Mam "Stëmmgerät" kann een eng Gittar oder aner Instrumenter direkt um Oli richteg stëmmen. 5. De "Spectrum Analyzer" schliesslech erlabt et, d'Frequenzen an d'Lautstäerkt am Raum visuell duerzestellen. Hei kann ee näischt direkt produzéieren, et kann een awer gutt Téin a Geräischer visualiséieren. Déi 5 nei Apps fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/collections/art/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli Nei App: Zuele vergläichen8. may 2023, by oliMat der neier App kann een elo ganz einfach Zuele vergläichen üben (größer, kleiner oder gleich). D'App eegent sech fir all Schüler vum C2 bis zum C4.
D'App erlabt et net nëmmen eenzel Zuelen ze vergläichen (A <=> B), et kann een d'Übung och mat Rechnungen nom Schema A+B <=> C oder A+B <=> C+D maachen, woubäi d'App natierlech och Subtraktioun, Multiplikatioun an Divisioun ënnerstëtzt. Et kann een Aarbechtsblieder drécken, et kann een awer och direkt online Üben oder souguer Exercicer astellen a späicheren. Online Exercicer ginn direkt um Schierm verbessert, beim Drécke vun Aarbechtsblieder gëtt och e Korrekturblat generéiert. Wann een als Enseignant en Exercice späichert, kann een d'Resultater vun de SchülerInnen duerno a senger Virtueller Klass gesinn. Wéi gewinnt bitt d'App eng ganz Rei Astellungsméiglechkeeten, sou kann een den Zueleraum fräi wielen (och Kommazuelen a negativ Zuelen), d'Komplexitéit vun den Aufgaben, an déi jeweileg Operatiounen (Additioun, Subtraktioun, Multiplikation an Divisioun). Déi nei App fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/-/compare/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli |