oli.education.lu e-Learning Platform NewsReview: Wat gouf et Neits um Oli am Schouljoer 2023 / 2024 ?8. july 2024, by oliD'Schouljoer 23/24 geet esou lues op en Enn, a mir wollten d'Geleeënheet notze fir nach eng Kéier d'Updates vum ganze Joer Revue passéieren ze loossen, woubäi de Schwéierpunkt dëst Joer bei der Mathematik an dem Wocheplang louch.
Mat der neier "Mathé Mix" App kann een eenzel Aarbechtsblieder oder souguer ganz Dossiere generéieren, woubäi Aufgaben aus quasi alle Mathé-Apps um Oli kënne gemëscht ginn. D'Aufgaben an och de Schwieregkeetsgrad kann ee ganz einfach wielen, sou dass een ënnerhalb vun enger Minutt e komplett individualiséierten Aarbechtsdossier fir e Schüler erausdrécke kann. Mam neie "Worksheet Maker" kann een elo eegen Aarbechtsblieder fräi gestalten an och späicheren, woubäi Moduler aus quasi alle Mathé-Apps um Oli kënne benotzt ginn. Esou kann ee komplett individualiséiert Fichen opstellen, a beim Printe ginn d'Korrekturblieder sou wäit wéi méiglech automatesch generéiert. Et ginn insgesamt 8 komplett nei Mathé Apps: Zuele schreiwen, Zielen mat Multiple Choice, Rechne mat Biller, Rechnen an Einer/Zehner Schrëtter, Zahlenstrahl, Rechenhaiser mat Biller, Gruppéieren (Mengen), souwéi Musteren. D'Apps "Zielen" a "Geld" goufe komplett iwwerschafft, doriwwer raus goufen et eng Rei weider wichteg Updates: d'App "Moossen an Zeechnen" krut verbessert Aarbechtsblieder, d'App "Abakus" stellt elo e richtegen Abakus op den Aarbechtsblieder duer, d'App "Ëmwandelen" ënnerstëtzt elo Liter & Co, d'App "Vergläichen" bitt elo d'Optioun "Zuelen uerdnen", an App "Einmaleins / Multiplikatioun" ënnerstëtzt elo d'Übe vu Multiplikation an Divisioun mat Biller a Punkten. De Wocheplang weist elo Infoe zu eelere Wochepläng, déi nach net zu 100% ofgeschloss sinn, woubäi net ofgeschlossen Aufgaben elo och op de nächste Plang iwwerholl kënne ginn. Aufgabe kënnen elo bei den Optioune vun de Prozenter ausgeschloss ginn, beim Printe kann een och den Total vun de Prozenter um Blat uweise loossen, a bei der Duerstellung vu Gruppe ginn elo just nach déi Aufgaben an der Iwwersiicht ugewisen, déi den ausgewielte Grupp betreffen. Um Schoulwebsite (CMS / Content Management System) gouf de Paragraph "Tabell" iwwerschafft, pro Tabell kann een elo eng Rei Astellunge maache fir d'Duerstellung unzepassen, ausserdeem kann een d'Daten direkt aus Excel oder CSV Tabellen importéieren. D'Klassebuch integréiert elo d'e-Bichelchen a bitt Sich- a Print-Funktiounen, d'Schreibwerkstatt huet e neie PDF Export mat verbesserter Duerstellung, PDF Dokumenter kënnen an de meeschten Applikatiounen elo kompriméiert ginn, an et ginn iwwer 4000 nei Texter am Bildwierderbuch. Mir hoffen, dass hei dir jiddereen eppes dobäi war, a mir freeën eis schonn op weider nei Tools a Verbesserungen am nächste Schouljoer. An der grousser Vakanz maache mir elo nach eng Rei Verbesserungen "ënnert der Hauf", vun deenen d'Notzer (hoffentlech) net direkt eppes wäerte matkréien. Vill Spaass weiderhi mam Oli.education.lu wënscht Deng Equipe vum Oli Update: App "Moossen an Zeechnen" mat verbesserten Aarbechtsblieder26. june 2024, by oliMam neien Update stellt d'App "Moossen an Zeechnen" elo op den Aarbechtsblieder pro Zeil 2 Aufgaben duer, wa genuch Plaz ass.
Je no Astellung kann sech d'Unzuel vun den Items also souguer verduebelen, sou dass d'Plaz op de Blieder wesentlech besser ausgenotzt gëtt, an d'SchülerInne pro Blat méi Aufgabe kënne maachen. Wéi gewinnt gëtt och e Korrekturblaat generéiert, dat natierlech och schwaarzwäiss ass fir Printercartouchen ze spueren. Déi nei Versioun fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/-/measure/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli Update: Mathé Mix mat 4 neie Moduler17. june 2024, by oliMam aktuellen Update vum "Mathé Mix" ginn et elo 4 nei Moduler: de neien Abakus, Einer/Zehner, Rechenhaiser mat Biller, souwéi Zielen mat Multiple Choice.
De Mathé Mix bitt esou dann elo och all Moduler, déi et bis elo schonn als eenzel Apps oder als Modul am Worksheet Maker gouf. Abakus an Einer/Zehner kann een am Mathé Mix manuell auswielen, d'Optioune fir Biller bei de Rechenhaiser a Multiple Choice beim Zielen ginn automatesch aktivéiert, wann een de Cycle 2 als Schwieregkeetsgrad auswielt. D'App fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/-/math_mix/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli Update: Worksheet Maker mat 4 neie Moduler10. june 2024, by oliMam aktuellen Update vum "Worksheet Maker" ginn et elo 4 nei Mathé-Moduler: de neien Abakus, Einer/Zehner/Hunderter, Rechenhaiser mat Biller, souwéi Zielen mat Multiple Choice.
Gläichzäiteg hu mir eng Rei kleng Verbesserungen um Interface gemaach an och e puer kleng Bugs gefixed. D'App fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/tools/worksheet-maker/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli Nei App: Rechenhaiser mat Biller3. june 2024, by oliMat der neier Web App "Haiser mat Biller" kann een elo Aarbechtsblieder printen, op deenen Rechenhaiser mat Biller fir ze zielen gedréckt ginn.
Als Biller ënnerstëtzt d'App Punkten, Rechestäbercher a Spillwierfelen, woubäi all Rechenhaus eng eenzel Rechnung duerstellt. Et kann ee wielen, wat fir eng Elementer (Biller, Zuelen, Total) sollen duergestallt respektiv vum Schüler ausgefëllt ginn, woubäi een hei och plazeweis d'Optioun "Zoufall" wiele kann. Wéi gewinnt gëtt och fir all Aarbechtsblat e Korrekturblaat generéiert. Déi nei App fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/-/math_houses_img/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli |