|
oli.education.lu e-Learning Platform News
Nei Versioun vun der Hangman App
11. may 2021, by oli
D'Hangman Web App gouf komplett erneiert, si ënnerstëtzt elo 4 Sproochen (de/fr/en/lu), d'Wuertlëschten sinn elo a Kategorien agedeelt a si sinn däitlech erweidert ginn, an d'Enseignanten kënnen elo hir eege Wuertlëschten erstellen. D'App kann elo och als Übung gespäichert ginn, an d'Resultater kënnen och an de Schüler-Logs gespäichert ginn. Vill Spaass mam Update Deng Equipe vum Oli
Nei Versioun vun der Vokabel Web App
3. may 2021, by oli
Déi nei Versioun vun der Vokabel Web App, déi komplett nei entwéckelt ginn ass, ass elo online. Déi nei App ënnerstëtzt elo 4 Sproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch), an du kanns d'Source- an d'Zilsprooch selwer wielen. Doriwwer eraus ass d'App komplett mat eiser Biller-Datebank integréiert, sou dass een och mat Biller léiere kann. D'Web App ka souwuel Online-Aufgaben wéi Aarbechtsblieder generéieren (inklusiv Korrekturen), an et gi souwuel Schreifaufgaben wéi och Multiple Choice Übungen ugebueden, natierlech och mat Biller. Den integréierte Vokabulär ass elo a Kategorien agedeelt déi fräi ausgewielt kënne ginn, an Enseignante kënnen elo och eegen Wuert- a Vokabellëschten an hire virtuelle Klasse späicheren. Übungen an Aarbechtsblieder kënnen elo och gespäichert ginn an de SschülerInnen sou direkt an der virtueller Klass zur Verfügung gestallt ginn. Vill Spaass mam Update! Deng Equipe vum Oli
Direkt Links op Apps, Übungen, Dateien a Websäiten an der Virtueller Klass
19. april 2021, by oli
Vun elo un kënnen Enseignanten an der virtueller Klass direkt Linken op dacks benotzten Apps, Übungen, Dateien a Websäiten ënner "Aarbechtsblieder an Übungen" bäifügen. SchülerInne kënne esou séier Aufgaben an Übunge erëmfannen, déi se da regelméisseg widderhuele kënnen. Als Enseignant kanns du och Aufgaben zur Verfügung stellen, déi speziell un d'Besoins vun denger aktueller Klass oder der aktueller Unitéit ugepasst sinn. Linken kënnen eenzel aktivéiert oder deaktivéiert ginn, sou datt Aufgaben, déi regelméisseg solle widderholl ginn, un- oder ausgeschalt kënne ginn. Du kanns och entscheeden, ob Links fir all SchülerInnen ugewise solle ginn, oder nëmme fir eenzel Gruppen. Vill Spaass mam Update Denq Equipe vum Oli
Nei Billerserie an Aarbecht...
6. april 2021, by oli
Mir hunn elo de nächste Set vu 500+ Biller fir d'Plattform gezeechent. Als nächst gëtt mat Touche nogezeechent, gescannt, an da faarweg gemaach, dat dauert also nach e bëssen... Déi definitiv Biller ginn ënner enger fräier Lizenz verfügbar gemaach, sou datt se ouni Limite weiderbenotzt kënne ginn.
Verbesserten Upload-Tool
1. march 2021, by oli
Haut hu mir eng nei Versioun vun eisem Upload-Tool agefouert, deen am Website Manager an den Online Project Manager Apps benotzt gëtt. Dat neit Upload-Tool erlaabt eng Datei direkt op e Standard-Upload-Standuert ze späicheren, an déi gewielte Datei gëtt dann automatesch an e Paragraf derbäigesat. Eroplueden an eenzel Dateien op Websäiten a Projete bäifügen sollten also elo vill méi séier a méi einfach ginn. Vill Spaass mam Update Deng Equipe vum Oli
|
|