oli.education.lu e-Learning Platform News

App-Update: Geld

14. Juni 2019, vum oli

Haut hu mir eng nei Versioun von eiser beléifter Geld-App publizéiert, déi eng ganz Rei méi kleng Verbesserungen an allen Online-Übungs- a Printmodi bitt.

Déi nei Versioun baséiert op eisem neisten App-Framework an ënnerstëtzt domat och all aktuell Online-Übungs- a Print-Verbesserungen.

Vill Spaass mam Update!

Deng Equipe vum Oli

Mathe App Updates - Zielen, Spiller an Aueren

24. Mee 2019, vum oli

Haut hu mer dräi komplett iwwerschaffte Mathe-Apps publizéiert:

- Déi nei "Zielen" a "Spiller" Apps ënnerstëtzen elo Übungs-Statistiken a bidden elo Optioune fir Aarbechtsblieder ze printen.

- Déi nei "Aueren" App bitt e verbesserten Astellungs-Interface an ënnerstëtzt elo och Übungs-Statistiken.

All dräi Apps baséieren op eisem neien App-Framework, sou datt se och déi neisten Online-Übungs- a Printverbesserungen ënnerstëtzen.

Vill Spaass mam Update!

Deng Equipe vum Oli

App-Updates - Multiplikatioun, Rechen-Haiser a -Maueren

20. Mee 2019, vum oli

Haut hu mer insgesamt dräi komplett iwwerschaffte Mathe-Apps publizéiert:

- Déi nei Multiplikatiouns-App bitt elo en Online-Trainingsmodus souwéi verbessert dréckbar Aarbechtsblieder.

- Déi nei Rechen-Haiser App ënnerstëtzt elo och Kommazuelen a réimesch Zuelen.

- Déi nei Rechen-Mauern App ënnerstëtzt elo och Kommazuelen a réimesch Zuelen. Ausserdeem kënnen Additiounen a Subtraktiounen op eenzelnen Aarbechtsbieder gemëscht ginn.

Déi dräi Apps baséieren op eisem neien App-Framework. Dat bedeit, datt si och déi neisten Online-Trainings- a Printverbesserungen ënnerstëtzen.

Viel Spaass mam Update!

Deng Equipe vum Oli

Nei Tafelrechnungen-App-Versioun

13. Mee 2019, vum oli

Haut hu mir déi komplett iwwerschafften Tafelrechnungen-App publizéiert, déi folgend Verbesserunge bitt:

- D'App huet elo en Online-Trainingsmodus, deen all Operatiounen (Additioun, Soustraktioun, Multiplikatioun an Divisioun) ënnerstëtzt.

- All Operatiounen ënnerstëtzen elo Kommazuelen.

- Aarbechtsblieder bidden elo eng verbessert Ennerstëtzung fir Divisiounen (méi grousse Raster souwéi 6 Fro pro Blat).

- Korrekturen ënnerstëtzen elo och Multiplikatiounen an Divisiounen.

Déi nei App baséiert op eisem neien App-Framework an ënnerstëtzen esou och all aktuell Verbesserunge bei den Aarbechtsblieder souwéi den Online-Übungen.

Vill Spaass mam Update
Deng Equipe vum Oli

Nei Funktioun fir Biller an Dateien ze mellen

24. Abrëll 2019, vum oli

Mat dëser neier Funktioun kanns du elo ganz einfach Biller an Dateie mellen, déi falsch placéiert goufen, inadequat sinn, oder géint Plattform-Reegelen, Droits d'Auteur oder Dateschutzreegele verstoussen. Dësen Tool kann och benotzt ginn, wann s de wëlls, dass bestëmmte Biller vum Website ewech geholl ginn, ausserdeem erlabt den Tool d'Reaktiounszäiten ze kierzen.

Déi nei Funktioun ass a Newsfeeds, Billergalerien, a Microblogs an op villen anere Plazen disponibel an deckt wahrscheinlech ronn 95% vun alle Biller of, déi op der Plattform souwéi op Websiten ugewise ginn, déi mam Website-Manager erstallt goufen.

Deng Equipe vum Oli