|
oli.education.lu e-Learning Platform News
Zoufalls-Generator kann elo Schüler-Gruppe generéieren
8. März 2023, vum oli
Mam Zoufalls-Generator kann een elo och zoufälleg Gruppe vun 3 bis 10 Kanner fir seng Klass generéieren.
Ausserdeem kann een elo auswielen, dass Kanner vum Zoufallsgenerator ausgeschloss ginn, wann se zB krank sinn an dofir net solle mat ausgewielt ginn. Zoufallsgruppe kann een online uweise loossen, oder se als Lëscht am PDF Format printen. Den Zoufalls-Generator fënns de als Enseignant an denger Virtueller Klass an der "Klassebuch" App ënner "Klass", do dann einfach op "Zoufallsgenerator" klicken. Standardméisseg mech dës App dir dann eng Zoufälleg Reiefolleg vun denge Schüler, mat "Gruppen" wiels de dann déi entspriechend Optiounen aus. Schüler kanns de mat On/Off Knäppchen auswielen. Vill Spaass mat der neier Versioun vum Zoufalls-Generator wënscht Deng Equipe vum Oli
Rolle-Management fir Enseignanten an enger Klass
6. März 2023, vum oli
Bis elo war et esou, dass all Enseignanten an enger Klass oder engem Team déi selwecht Rechter haten. Dat war awer net ëmmer optimal, wann zB Surnumérairen oder Personal aus der Maison Relais nëmme sollten Zougrëff op spezifesch Funktioune vun der Klass hunn.
Vun haut un ass et dofir elo méiglech, ënnerschiddlech "Rollen" fir Enseignanten ze définéieren. Pro Roll kann een auswielen, wat fir eng Apps an der Virtueller Klass déi betreffend Enseignante benotzen dierfen, a bei verschiddenen Apps (wéi zB dem Wocheplang) kann een och méi genee uginn, ween zB wat dierf éditéieren oder validéieren. De Rolle-Management fënns de als Enseignant an denger Virtueller Klass am Klassebuch (gielen Icon ënne lénks) ënner "Klass", do dann "Enseignante geréiere" wielen, an da lénks an der gieler Box "Rollen" einfach nei Rolle bäimaachen an esou astellen, wéi se gebraucht ginn. Duerno kann de dann fir all Enseignant an der Lëscht eng passend Roll auswielen. Als "Besëtzer" vun der Klass bass du ëmmer Enseignant mat alle Rechter, du kanns Rollen also just un Enseignente ginn, déi zousätzlech an denger Klass sinn. Vill Spaass mat dëser neier Funktioun wënscht Deng Equipe vum Oli
SchülerInne kënnen elo Lëschten aus hirer Klass an den Apps notzen
16. Februar 2023, vum oli
Vun elo un kënnen d'Kanner an de Sproochen-Apps och all Lëschte (Wortschätze, Vokabelen, Verben, ...) benotzen, déi d'Enseignanten an hire Virtuelle Klassen agedroen hunn. Bis elo war dat nëmme fir d'Enseignante selwer méiglech. Elteren a SchülerInne kënnen demno elo Online-Exercicer maachen an Arbechtsblieder mat de Lëschten aus hirer Klass maachen, dobäi gi souwuel d'Biller aus dem Online-Wierderbuch wéi och Sproochdateien ënnerstëtzt. Enseignante kënnen hir eege Lëschten an hirer Virtueller Klass an der App "Texter & Lëschten" androen. Elteren, Schüler an Enseignanten kënnen dës Lëschten dann iwwer déi jeweileg Sproochen-Apps opruffen. Vill Spaass mam neien Update wënscht Deng Equipe vum Oli
Schoul-Website: neie Clone Widget, verbesserte Schoul Widget
29. Januar 2023, vum oli
Mam neie "Clone" Widget kann een en existéirende Widget mat all sengen Astellungen op enger anerer Plaz um Website notzen. Korretkturen um Source-Widget ginn automatesch vun alle Clones iwwerholl. Verschidde Widgets, wéi zB de "Schoul" Widget, bidden ausserdeem d'Méiglechkeet beim Clone verschidden Astellungen unzepassen, sou dass de Clone zB Date vun engem anere Cycle kann uweisen. De "Schoul" Widget ass och verbessert ginn, hei kann een zB elo direkt weider Date vun de Klassen uginn, wéi zB de Stack, de Sall, Telefonsnummer, etc. Vill Spaass mam Update wënscht Deng Equipe vum Oli
Virtuell Klass komplett iwwerschafft
9. Januar 2023, vum oli
Vun elo un ass déi nei Versioun vun der Virtueller Klass online.
Nierft dem Wocheplang sinn elo och Aarbechtsblieder, gespäichert Exercicer an eege Lëschten direkt op der Startsäit accessibel, sou dass déi populärst Tools elo nach méi séier kënne genotzt ginn. Mat der neier App "Erschafen..." direkt uewe lénks am Eck kann een elo ganz einfach neie Contenu bäimaachen, ouni mussen déi jeweileg Features an den Apps ze sichen. Iwwer d'App "Educatioun" kënnt ee ganz séier un déi wichtegst Tools vum Ministère a CGIE. Doriwwer eraus goufe ganz vill Tools am Detail verbessert a nach méi iwwersiichtlech gemaach. Vill Spaass mam Update wënscht Deng Equipe vum Oli
|
|