Wéi aus Code ee Muster gëtt…
1. Deel – Wiewatelier zu Harel
Zu Harel am Cycle 4 hunn d’Kanner e besonnesche Workshop erlieft: Si hu mat Holzrumme gewieft a gläichzäiteg aus Pabeiersträifen hir eege Mustercodes entwéckelt. Si hunn dobäi verstanen, wéi een d’Reiefolleg vun de Sträifen als “Code” notzt, fir d’Wiewmuster ze gestalten. Dëse praktesche Projet huet hinne gewisen, wéi aus enger Iddi e konsequente Musterentworf entsteet. Et war fir si eng spilleresch Erfarung, déi hinnen déi al Technik mat vill Freed méi no bruecht huet.
2. Deel – Duchfabrék zu Esch/Sauer
Am zweeten Deel vum Projet hunn d’Kanner d’Duchfabrék zu Esch-Sauer entdeckt. Si kruten erkläert, wéi aus Woll schlussendlech e fäerdegt Duch entsteet. Mat der Ënnerstëtzung vum Naturpark Öewersauer, hunn si hir eege Code-Mustere mat Faarwen an Aarbechtsblieder entworf an och geléiert, wéi een dës Mustere benotzt, fir e fäerdegt, personaliséiert Duch hierzestellen. Eng lieweg a kreativ Entdeckungsrees duerch traditionellt Handwierk a Kombinatioun mat modernem Codéieren.