Escape Game zu Mamer

6 minutes
LU

Am Video geet et ëm en Escape-Spill fir Kanner aus dem Cycle 4 an der Grondschoul zu Mamer Kinneksbont, dat vun der Léierin Pascale Tapella mat hire Kolleegen a Kolleeginnen organiséiert gouf. D’Zil vum Spill ass, Denken a Beweegung ze kombinéieren: d’Kanner léise Rätselen aus de Beräicher Coding, Mathematik, Raumorientéierung an Kooperatioun, an huele digital Medien dobäi (z. B. iPads, QR-Coden).

Duerch dat Spill ginn vill Kompetenzen gefërdert: Lieskompetenz, mathematescht Denken, Computational Thinking, Teamfäegkeet an och den entrepreneurialen Geescht, wéi en am Mediekompass beschriwwe gëtt.

D’Kanner léieren dobäi aktiv dobaussen, an erkennen, datt digital Medien och fir Léieren a Beweegung gebraucht kënne ginn, net nëmme fir Fräizäit. D’Feedbacke vun de Kanner si positiv, an d’Enseignanten plangen, d’Konzept nach weiderzeféieren a mat nach méi Beweegung ze verbesseren.