Mediendag (Fun-Day) zu Bouneweg

7 minutes
LU

An dësem Video geet et ëm de Mediendag (Fun-Dag) an der Grondschoul Gellé zu Bouneweg. D’Enseignanten hunn e flotte Mediendag organiséiert, wou d’Kanner de ganze Moie vu Statioun zu Statioun wiessele konnten. D’Themen ware ganz ofwiesslungsräich: Vu Musek, iwwer Puzzlen, bis hin zum Bastelen mat Perlen. Et gouf esouguer en Escape Game! D’Kanner hunn an deene verschiddenen Atelier’en geschafft, observéiert a gekuckt, an hate sou d’Méiglechkeet, hir Fäegkeeten an deene verschiddene Beräicher intensiv an d’Praxis ëmzesetzen.