Lego Recycling zu Bouneweg

6 minutes
LU

An der Grondschoul Demy Schlechter zu Bouneweg hunn d’Madamm Débora Joseph an hir Schoulkanner e flotte LEGO-Projet zum Thema Recycling op d’Bee gesat. D’Kanner hu Roboter gebaut, déi hinnen gehollef hunn ze erkennen, an wéi eng Poubelle e Produit gehéiert. Mat Hëllef vu klénge Kärtercher an enger « Scan-Funktioun » um Roboter léieren d’Kanner déi eenzel Poubelle kennen an hunn domatt Spaass um recycléieren. Dësen inspiréierende Projet gouf och anere Klassen presentéiert a war domat klasseniwwergräifend e flotte Succès.