oli.education.lu e-Learning Platform News

Update: Top 100 Verben an 3 Sproochen elo komplett

24. october 2024, by oli

Vun elo un ginn et insgesamt 70 nei Verben an de Sprooche Franséisch, Däitsch an Englesch, sou dass elo an deenen 3 Sproochen déi jeeweils 100 meeschtbenotzte Verben disponibel sinn.

An de Verben-Apps kann een dann elo och  dës Top-Verbe als Lëschte bäisetzen (Top 10, Top 20, ... bis Top 100), sou dass d'SchülerInnen elo ganz einfach déi wichtegst Verbe pro Sprooch übe kënnen.

Déi nei Top-Lëschten ersetze bei de franséische Verben dann och d'Lëschten aus dem ale Franséischprogramm, déi jo elo net méi aktuell sinn. Exercicer, déi mat de Lëschten aus dem ale Franséischprogramm programméiert sinn, bleiwen allerdéngs weiderhi benotzbar, et kann ee just keng nei Aufgabe méi op dës Aart a Weis opstellen.

Vill Spaass mam Update wënscht

Deng Equipe vum Oli 

Update: Verben-Apps mat verbesserten Aarbechtsblieder

7. october 2024, by oli

Mam neien Update generéieren Verben-Apps elo d'Aarbechtsblieder am neien Design, woubäi d'Zeilen elo och a nummeréierte Gruppen duergestallt ginn.

D'Verben App gëtt et wéi gewinnt an 3 Sproochen (Franséisch, Däitsch an Englesch). Wéi gewinnt kann ee Verben a Verbelëschten auswielen, et kann een awer och seng eege Lëschte notzen, an et gëtt och e Korrekturblaat generéiert.

Déi nei Versioun (FR) fënns de hei: 

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​verbs_​french/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Update: App "Vokabelen" mat verbesserten Aarbechtsblieder

30. september 2024, by oli

Mam neien Update generéiert d'App "Vokabelen" elo d'Aarbechtsblieder am neien Design, woubäi d'Zeilen elo och a nummeréierte Gruppen duergestallt ginn.

Et kann een een entweder zwou Sproochen auswielen, oder eng Sprooch duerch Biller ersetzen. D'Duerstellung vun de Biller gouf verbessert, an et gi nei Optioune beim Printe vun Zeilen. Nieft dem Schreiwe vu Vokabelen bitt d'App och Multiple Choice Optiounen un, a vun elo un gi méi laang Wieder (oder Ausdréck respektiv Sätz) automatesch verklengert, sou datt se besser op d'Blat passen.

Wéi gewinnt kann ee Wierderlëschten auswielen, et kann een awer och seng eege Vokabellëschte notzen, an et gëtt och e Korrekturblaat generéiert.

Déi nei Versioun fënns de hei: 

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​vocabulary/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Schéi Vakanz!

15. july 2024, by oli

D'Equipe vum Oli wënscht alle SchülerInnen an Enseignanten eng schéin an erhuelsam Summervakanz!

Denkt drun, dass mir kuerz no Schoulschluss d'SchülerInnen aus de Klassen eraushuelen, kuerz viru Schoulufank kënnen déi nei Schüler dann erëm automatesch importéiert ginn (via Scolaria). Och an der Vakanz schaffe mir natierlech weider u neien Tools a Verbesserungen, an de Support ass selbstverständlech och aktiv.

Deng Equipe vum Oli

Review: Wat gouf et Neits um Oli am Schouljoer 2023 / 2024 ?

8. july 2024, by oli

D'Schouljoer 23/24 geet esou lues op en Enn, a mir wollten d'Geleeënheet notze fir nach eng Kéier d'Updates vum ganze Joer Revue passéieren ze loossen, woubäi de Schwéierpunkt dëst Joer bei der Mathematik an dem Wocheplang louch.

Mat der neier "Mathé Mix" App kann een eenzel Aarbechtsblieder oder souguer ganz Dossiere generéieren, woubäi Aufgaben aus quasi alle Mathé-Apps um Oli kënne gemëscht ginn. D'Aufgaben an och de Schwieregkeetsgrad kann ee ganz einfach wielen, sou dass een ënnerhalb vun enger Minutt e komplett individualiséierten Aarbechtsdossier fir e Schüler erausdrécke kann.

Mam neie "Worksheet Maker" kann een elo eegen Aarbechtsblieder fräi gestalten an och späicheren, woubäi Moduler aus quasi alle Mathé-Apps um Oli kënne benotzt ginn. Esou kann ee komplett individualiséiert Fichen opstellen, a beim Printe ginn d'Korrekturblieder sou wäit wéi méiglech automatesch generéiert.

Et ginn insgesamt 8 komplett nei Mathé Apps: Zuele schreiwen, Zielen mat Multiple Choice, Rechne mat Biller, Rechnen an Einer/Zehner Schrëtter, Zahlenstrahl, Rechenhaiser mat Biller, Gruppéieren (Mengen), souwéi Musteren.

D'Apps "Zielen" a "Geld" goufe komplett iwwerschafft, doriwwer raus goufen et eng Rei weider wichteg Updates: d'App "Moossen an Zeechnen" krut verbessert Aarbechtsblieder, d'App "Abakus" stellt elo e richtegen Abakus op den Aarbechtsblieder duer, d'App "Ëmwandelen" ënnerstëtzt elo Liter & Co, d'App "Vergläichen" bitt elo d'Optioun "Zuelen uerdnen", an App "Einmaleins / Multiplikatioun" ënnerstëtzt elo d'Übe vu Multiplikation an Divisioun mat Biller a Punkten.

De Wocheplang weist elo Infoe zu eelere Wochepläng, déi nach net zu 100% ofgeschloss sinn, woubäi net ofgeschlossen Aufgaben elo och op de nächste Plang iwwerholl kënne ginn. Aufgabe kënnen elo bei den Optioune vun de Prozenter ausgeschloss ginn, beim Printe kann een och den Total vun de Prozenter um Blat uweise loossen, a bei der Duerstellung vu Gruppe ginn elo just nach déi Aufgaben an der Iwwersiicht ugewisen, déi den ausgewielte Grupp betreffen.

Um Schoulwebsite (CMS / Content Management System) gouf de Paragraph "Tabell" iwwerschafft, pro Tabell kann een elo eng Rei Astellunge maache fir d'Duerstellung unzepassen, ausserdeem kann een d'Daten direkt aus Excel oder CSV Tabellen importéieren.

D'Klassebuch integréiert elo d'e-Bichelchen a bitt Sich- a Print-Funktiounen, d'Schreibwerkstatt huet e neie PDF Export mat verbesserter Duerstellung, PDF Dokumenter kënnen an de meeschten Applikatiounen elo kompriméiert ginn, an et ginn iwwer 4000 nei Texter am Bildwierderbuch.

Mir hoffen, dass hei dir jiddereen eppes dobäi war, a mir freeën eis schonn op weider nei Tools a Verbesserungen am nächste Schouljoer.

An der grousser Vakanz maache mir elo nach eng Rei Verbesserungen "ënnert der Hauf", vun deenen d'Notzer (hoffentlech) net direkt eppes wäerte matkréien.

Vill Spaass weiderhi mam Oli.education.lu wënscht

Deng Equipe vum Oli