oli.education.lu e-Learning Platform NewsNeit Spill: Skiing1. december 2025, by oliVun haut un gëtt et mat „Skiing“ e neit Geschécklechkeetsspill, mat deem ee Slalom fueren übe kann.
Et geet net nëmmen drëms, korrekt tëscht de Stangen duerch ze fueren, mee et muss een och mat Geschéck den Obstakelen ausweechen. D'Längt vun der Pist souwéi de Schwieregkeetsgrad (méi séier a méi Obstakelen) kann een auswielen. Dat neit Spill fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/-/skiing/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli Nei App: Muséksblat17. november 2025, by oliMat der neier Web App "Muséksblat" kann een elo ganz einfach verschiedde Blieder fir de Muséksunterrecht generéieren an erausdrécken.
Nierft de normale Nouteblieder kann een och Gittar-Tabulaturen, Guittar-Akkorden (Grëffer) a Pianostastature printen. Selbstverständlech sinn dës Funktiounen och als Moduler am Worksheet Maker disponibel. Déi nei App fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/-/musicsheet/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli Nei App: Geo Cubes27. october 2025, by oliMat der neier Web App "Geo Cubes" kann een elo 3-dimensional Figuren üben, déi aus Würfelen op engem Spillbriet bestinn.
Et kann een entweder en 3D Bild mat Hëllef vun engem 2D Plang opbauen, oder et kann een den 2D Plang mat Hëllef vum 3D Bild ausfëllen. Wéi gewinnt kann ee Gréissten, Optiounen a Schwieregkeetsgrade fräi astellen. Déi nei App fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/elearning/-/geocubes/ Vill Spaass domat wënscht Deng Equipe vum Oli Update: Worksheet Maker elo mat Support fir Musék6. october 2025, by oliMam Update vun haut bitt de Worksheet Maker elo nei Funktioune fir Blieder fir de Museksunterrecht ze printen.
Mam "Linnen" Tool kann een elo Noutelinne generéieren, souwuel mat Sol wéi och mat Fa Schlëssel a mat 4/4 oder 3/4 Takt. Doriwwer raus kann ee Gittar-Tabs generéieren, optional kann ee lénks dann d'Noute vun de Säiten duerstelle loossen. An den Tools gëtt et ënnen dann eng nei Rubrik "Musek", hei kann een elo souwuel Akkorde fir Gittar wéi och fir Keyboard duerstelle loossen. Wann een en Akkord auswielt, ginn dann och direkt d'Positioune vun de Fanger op der Gittar an um Keyboard markéiert. Vill Spaass mam Update wënscht Deng Equipe vum Oli Oli.education.lu op neiem Server15. september 2025, by oliIwwer d'Summervakanz ass den Oli.education.lu op e neie Server geplënnert, an déi ganz Software ass komplett nei installéiert ginn. Dës Migratioun war wichteg, fir dass mir och an Zukunft déi neisten Tools a Funktioune kënnen implementéieren.
Mir hunn all wichteg Funktioune virum Schoulstart getest, trotzdeem kann et natierlech no esou grousse Changementer nach zu klenge Probleemer kommen – falls also irgendeppes net méi sou funktionnéiere sollt wéi gewinnt, da mell dech w.e.g. beim HelpDesk, sou dass mir dat direkt verbessere kënnen. Villmools Merci, Deng Equipe vum Oli |