oli.education.lu e-Learning Platform News
Nei Billerserie an Aarbecht...
6. april 2021, by oli
Mir hunn elo de nächste Set vu 500+ Biller fir d'Plattform gezeechent. Als nächst gëtt mat Touche nogezeechent, gescannt, an da faarweg gemaach, dat dauert also nach e bëssen... Déi definitiv Biller ginn ënner enger fräier Lizenz verfügbar gemaach, sou datt se ouni Limite weiderbenotzt kënne ginn.
Verbesserten Upload-Tool
1. march 2021, by oli
Haut hu mir eng nei Versioun vun eisem Upload-Tool agefouert, deen am Website Manager an den Online Project Manager Apps benotzt gëtt.
Dat neit Upload-Tool erlaabt eng Datei direkt op e Standard-Upload-Standuert ze späicheren, an déi gewielte Datei gëtt dann automatesch an e Paragraf derbäigesat.
Eroplueden an eenzel Dateien op Websäiten a Projete bäifügen sollten also elo vill méi séier a méi einfach ginn.
Vill Spaass mam Update
Deng Equipe vum Oli
Nei Kreativ Apps
15. november 2020, by oli
Mir hunn just eng nei "Konscht & Kreativitéit" Sektioun bäigesat mat fënnef neie kreativen Apps mat de Nimm "Sketch Art", "Color Mixer", "Mandala", "8 Bit", an "Guitar Fretboard".
Vill Spaass mam Update!
Däin Oli Team
Gudde Start an d'neit Schouljoer!
15. september 2020, by oli
D'Equipe vum Oli wënscht alle Schüler, Elteren an Enseiganten e gudde Start an d'neit Schouljoer!
Iwwer d'Summervakanz hu mir ganz vill weider Verbesserungen un der Plattform gemaach, déi den Homeschooling och an Zukunft wäerte méi einfach maachen.
Och den Interface vun der Plattform gouf nach eng Kéier komplett iwwerschafft, sou datt de Site nach méi user-friendly ginn ass.
Weiderhi vill Spaass mat der Plattform wënscht
Deng Equipe vum Oli
Schéi Vakanz!
16. july 2020, by oli
D'Equipe vum Oli wënscht alle Schüler an Enseignanten eng schéin an erhuelsam Vakanz!
Dëst Schouljoer war mat Sécherheet aussergewéinlech, an et ass nach ni esou vill op der Plattform geschafft ginn wéi an deene leschte puer Méint. Mir hunn zënter Mäerz versicht esou séier wéi méiglech nei Funktiounen online ze bréngen, déi den Homeschooling méi einfach a méi performant maache konnten; a mir si frou, datt mir esou ville Leit an dësem Beräich hëllefe konnten.
An der grousser Vakanz probéiere mir elo nach eng ganz Rei Suggestiounen ëmzesetzen, déi mir vu ville User kritt hunn, sou dass den Oli fir d'Rentrée 2020/2021 alt erëm mat neien Tools, Funktiounen a Verbesserunge wäert starte kënnen.
Erhuelt iech all gutt!
Deng Equipe vum Oli