oli.education.lu e-Learning Platform News

Nei: Worksheet Maker

4. März 2024, vum oli

Mam "Worksheet Maker" kann s du elo deng eegen, personaliséiert Aarbechtsblieder um Oli entwerfen.

De Layout kann s de op all Säit upassen, an dat mat jeeweils bis zu 12 ënnerschiddleche Module pro Säit.

Zu den disponibele Moduler gehéieren Texter, Biller, Linnen, Tabellen, Raster an Exercicer (Kapprechnen, Tafelrechnungen, Haiser, Maueren, Aueren an Zahlenstrahl), woubäi d'Exercicer mat eegenen Zuelen / Angaben kënnen ausgefëllt ginn.

Du kanns eege Biller a Fotoen an dengen Dokumenter notzen, oder op eng Kollektioun vun iwwer 4000 Icons a Biller aus dem Bildwierderbuch zréckgräifen.

Deng Aarbechtsblieder ginn an der Cloud gespäichert a sinn esou iwwerall, zu all Moment zougänglech.

D'App ass wéi ëmmer komplett webbaséiert, se ass kompatibel mat alle Systemer, et ass keng Installatioun néideg a beim Printe gëtt wéi gewinnt e PDF Dokument generéiert.

De Worksheet Maker ersetzt dann och d'App "Aarbechtsblat maachen", déi et bis elo um Oli gouf.

Déi nei App fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​tools/​worksheet-​maker/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Update: Kompressioun vu PDF Dokumenter

19. Februar 2024, vum oli

 Den Oli kompriméiert elo PDF Dokumenter automatesch, wann se generéiert ginn.

Dat betrëfft souwuel Aarbechts- a Korrekturblieder, wéi och aner Dokumenter, déi vun der Plattform generéiert ginn.

Dokumenter ginn esou deelweis em bis zu 90% méi kompakt, wat den Download vill méi séier mécht an och Plaz spuert.

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Update: App "Ëmwandelen" elo mat Liter & Co.

5. Februar 2024, vum oli

D'Web App "Ëmwandelen" ënnerstëtzt elo nieft Längten, Flächen, Volume a Gewiichter och Flëssegkeeten, vu Milliliter iwwer Liter bis Fudder.

Déi nei Optioun gëllt souwuel fir Aarbechtsblieder wéi och fir Online-Exercicer, an et kann een och Stellentafele printen.

Och d'Mathé Mix App ënnerstëtzt dës Optioun, déi fir den C4.2 dann och par défaut aktivéiert ass.

Déi nei Versioun fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​convert/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli 

Nei App: Mathé Mix

29. Januar 2024, vum oli

Mat der neier Web App "Mathé Mix" kann een elo Aarbechtsblieder oder souguer ganz Dossiere mat engem Mix vun Aufgabe generéieren.

Vu Kapp- an Tafelrechnunen iwwer Einmaleins, Zahlenstrahl, Rechestäbercher, Geometrie bis zu Aueren a Rechne mat Geld ass quasi alles dobäi.

Et kann ee PDF Dokumenter mat bis zu 10 Säite generéiere loossen, a selbstverständlech sinn och d'Verbesserunge mat dobäi.

Fir de Setup méi einfach ze maachen, wielt een einfach de richtege Cycle an de Schwieregkeetsgrad aus, duerno kann een dann awer selbstverständlech alles un déi eege Besoine upassen.

Déi App fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​math_​mix/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Iwwer 4000 nei Texter am Bildwierderbuch

17. Januar 2024, vum oli

Am Bildwierderbuch ginn et elo zu ganz ville Biller Erklärungstexter op Däitsch, Franséisch an Englesch.

D'Texter ginn automatesch bei de passende Biller ugewisen, an den Texter selwer ginn et dann och intelligent Cross-Links, sou dass ee ganz einfach vun engem Wuert op en anert sprange kann.

Déi nei Versioun vum Bildwierderbuch fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​picture-​dictionary/​

Vill Spaass domat wënscht