1 Trimester 2018-2019

21. September 2018

Mir hunn de Cours ugefangen andeems mir eis Numm gemolt hunn. Jidderee sollt sengem Numm dobäi e perséinlechen "Touch" ginn. Fir de Rescht gouf et keng gréisser Virgaben, ausser dass mat Bläistëftsfaarwe gemolt gëtt an dass de Numm dat ganzt Blat ausfëlle soll.

28. September 2018

Déi zweet Woch konnt all Kand sech eng Langschaft auswielen, an déi sollt da nogemolt ginn. Zwou Stonne si net duergaang fir dat fäerdeg ze maachen, dofir hei mol d'Virlagen:

5. Oktober 2018

Eis éischt Landschafte sinn haut fäerdeg ginn. D'Landschaft huet misse mat horizontalen a vertikale Hëllefslinne méiglechst genee nogezeechent an dann ausgemolt ginn. E puer Kanner si nach net fäerdeg ginn, si brauche nach e bësse méi Zäit.

12. Oktober 2018

D'Aufgab vun haut war et een oder méi real Objeten (zB dat eegent Schoulmaterial) ze molen. Et goung och drëms d'Proportioune méiglechst genee ze treffen. D'Landschafte sinn elo all fäerdeg.

19. Oktober 2018

Haut hu mer versicht e Kapp / Gesiicht ze molen. Als éischt hunn d'Kanner einfach e Gesiicht aus dem Kapp gemolt, duerno hu mer eis ugekuckt wéi déi richtegt Proportioune misste sinn. Duerno huet all Kand nach eng Kéier probéiert e Kapp ze molen, an dat dës Kéier och faarweg ze maachen.

26. Oktober 2018

D'Aufgab vun haut war et eng Strooss an 3D Perspektiv ze molen. Net all Kanner si fäerdeg ginn, an e puer Kanner hunn och haut eréischt hir Käpp/Gesiichter an hire Schoulobjete fäerdeggestallt. Ausserdeem hunn e puer Kanner probéiert d'Mona Lisa nozezeechnen.

9. November 2018

Haut hu mer probéiert Mënsche mat Hëllef vu Gliederpuppen ze zeechnen.