IAM Schüler-Passwierder
Mots de passe IAM pour les élèves
Enseignanten
- Als Enseignant solls du d'IAM Accounts fir all deng SchülerInnen aktivéieren.
- Du kanns de Kanner entweder en Aktivatiounsziedel mat heem ginn, oder du kanns selwer d'Passwierder maachen (recommandéiert).
- Klick op de Button, fir d'IAM Schüler-Passwierder ze kréien:
- Du muss dech mat dengem eegenen IAM aloggen (du brauchs kee LuxTrust).
- Géi dann ënnen op "IAM for Kids - Guichet local".
- Wiel deng Klass, an duerno deng Optiounen.
- Wann s du all Aktivéierungs-Codes op enger Säit generéiere léiss,
kanns de déi duerno selwer aktivéieren, an du kanns Passwierder fir deng SchülerInne wielen.
- Benotz w.e.g. zoufälleg Passwierder, benotz op kee Fall de Numm oder de Gebuertsdatum vun de Kanner.
- D'Passwuert soll net liicht ze errode sinn, et soll awer einfach genuch sinn dass e Kand et sech mierke kann.
- Passwierder si geheim an se sollen z.B. net am Bichelchen oder an der Schachtel stoen.
SchülerInnen & Elteren
- D'IAM Passwuert kréien d'SchülerInnen vun hirem Enseignant.
Wann s du nach kee Passwuert hues, da kontaktéier also w.e.g. als däin Enseignant.
- Kontaktéier eis an dësem Fall w.e.g. NET iwwer den Oli Quick Help oder iwwer de CGIE HelpDesk,
mir kënnen dir do NET hëllefen.
Elèves & parents
- Les enseignants distribuent les mots de passe IAM aux élèves.
Si vous n'avez pas encore de mot de passe, veuillez donc vous adresser à votre enseignant.
- N'utilisez PAS la fonction Oli Quick Help ou le HelpDesk CGIE dans ce cas s.v.p.,
comme nous ne pourrons pas vous aider.