Aarbechtsblieder an Online-Exercicer

Top Funktiounen

  • Souwuel als Enseignant wéi och als SchülerIn kanns du individualiséiert Aarbechtsblieder an Exercicer um Oli generéieren.
  • Déi entspriechend Web-Apps fënns de uewen am Menü ënner "Léier-Apps".
  • Wann s du Aarbechtsblieder generéiers, da kënnen d'Verbesserungen direkt mat generéiert ginn.
  • Wann s du en Online-Exercice mëss, da ginn deng Äntwerten direkt verbessert.
  • Bei deene meeschten Apps hues du e puer Méiglechkeeten:
    • online üben: Start en Online-Exercice mat direkter Verbesserung. Dat ass praktesch fir SchülerInnen, déi einfach online übe wëllen.
    • Aarbechtsblat drécken: Generéiert en Aarbechtsblat als PDF (download), par défaut mat Verbesserungen. Als SchülerIn kanns de esou selwer üben, als Enseignant kanns du d'Blieder denge SchülerInne mailen oder weiderginn.
    • als Exercice späicheren: Hei gëtt e Link generéiert, mat deems du en Exercice ëmmer rëm starte kanns. Als Enseignant kanns du dee Link un deng SchülerInne schécken, an du kanns dir d'Resultater maile loossen.
    • späicheren (PDF): Du kanns en Aarbechtsblat och um Oli späicheren amplaz et erofzelueden. Wann s du als Enseignant en Aarbechtsblat an deng Virtuell Klass späichers, da kanns du d'Verbesserunge getrennt späichere loossen.
  • D'Optiounen "als Exercice späicheren" an "späicheren (PDF)" sinn an allen Apps disponibel, déi 2019 oder 2020 iwwerschafft goufen, dat sinn ënner anerem all Mathe-Apps souwéi och d'Verben-App.
  • D'Vokabel-App ennerstëtzt dës Optioune leider nach net, mir schaffe nach drun!

Virtuell Klass & Wocheplang

  • Als Enseignant kanns du denge SchülerInnen Aarbechtsblieder an Online-Übungen direkt iwwer deng Virtuell Klass zur Verfügung stellen.
  • "Aarbechtsblieder" kënne net nëmme Blieder sinn, déi mam Oli generéiert goufen, du kanns hei och aner PDF Dokumenter a natierlech och Biller, Videoen an Audio-Dateien eroplueden.
  • An denger Virtueller Klass kanns du PDF Dateien am Beräich "Dokumenter" vun der "Dokumenter & Medien" Web-App eroplueden, da kënnen d'Schüler se selwer eroflueden. Et ass eng gutt Iddi hei eng Struktur opzebauen, dofir kanns de och alles a Verzeechnesser organiséieren.
  • Wann s du Online-Übungen als Exercicen an denger Virtuell Klass späichers, da fannen Enseignanten a SchülerInnen déi an der "Apps & Exercicer" Web-App erëm.
  • Wann s du mat Wocheplang schaffs, erginn sech nach vill weider Méiglechkeeten:
    • Pro Aufgab um Wocheplang kanns du PDF-Dokumenter a Biller eroplueden, déi deng SchülerInnen dann erofluede kënnen.
    • Mat der Funktioun "späicheren (PDF)" vun de Léier-Apps kanns du Aarbechtsblieder direkt an däi Wocheplang späicheren, du kanns hei souguer direkt e neien Item um Wocheplang opmaachen. SchülerInne kënnen d'Aarbechtsblat dann eroflueden, d'Verbesserunge landen automatesch am Teacher-Beräich.
    • Pro Aufgab um Wocheplang kanns du een Online-Exercice verlinken, déi deng SchülerInnen da maache kënnen. D'Resultater kanns du dir per Mail schécke loossen, duerno kanns du am Plang validéieren.
    • Deng SchülerInne kënnen hir Aufgaben direkt an Wocheplang eroplueden (Foto/Scan, Dokuementer). Wann deng SchülerInnen Aufgaben als Foto/Scan späicheren, kanns du se direkt online verbesseren (mam Online-Zeechen-Tool).