Die Klasse als Spieleentwickler: Ein eigenes Brettspiel entsteht

5 minutes
LU
Video Poster

De Cycle 4.2 vu Klengbetten huet am Kader vum „Schülerwettbewerb zur politischer Bildung“ e kreatiivt Gesellschaftsspill op d’Bee gestallt!
Fir hire Projet hunn d’Schülerinnen a Schüler selwer intensiv recherchéiert, Expertinnen an Experte consultéiert an esouguer zwou verschidde Plaze besicht, fir sech direkt op der Plaz en Androck ze maachen an Interviewen ze féieren.
All déi gesammelt Informatiounen, Erfarungen an den Input vun den Expertinnen an Experten hunn si an en originellt analog Spill ëmgesat. An dësem Video weisen si Schrëtt fir Schrëtt, wéi aus enger éischter Iddi e fäerdegt Spill entstanen ass.
De gréissten Erfolleg: Mat hirem Spill hunn si de 1. Präis am Concours gewonnen!