Vergiess net, datt mir keen Hosting fir Apps bidden. Dëst bedeit, dass du deng App op dengem Server hoste muss.
Passt op, dass däi Provider 99,9% Disponibilitéit garantéiert, sou dass deng App ëmmer online ass. Apps mat héije Offline-Zäite kënne schlecht Kritike kréien oder souguer vun eis gespaart ginn, wann se zevill Problemer maachen ginn.
Vergiess net, deng App op all Plattformen a mat alle Browser ze testen.
App Icons sinn PNG Grafiken. Du muss däin Icon an 4 verschiddene Gréissten eroplueden: 256px, 128px, 64px an 32px.
Wanns de Biller fir däin App Icon brauchs, da kanns de der jo mol d'Crystal Icon Collectioun ukucken.
Däi Screenshot muss 500 x 260 Pixel grouss sinn (JPEG). Dëst kann och e Collage vu Screenshots sinn, plus eventuell Text. Kuck dass de Screenshot akzeptabel ausgesäit!
Oppassen: den App Icon ass op alle Säiten ze gesinn, en onattraktiven Icon (oder schlecht Beschreiungen oder Screenshots) kënne Benotzer ofschrecken oder deng App gëtt eventuell guer net approuvéiert. Apps mat net ubruechtem Contenu oder mat Contenu deen net dem Icon an der Description vun der App entsprécht sinn net erlabt.
Lued deng 4 Icons an däi Screenshot mat den Entwéckler-Tools op oli.education.lu.
Soubal deng App, däin Icon an deng Beschreiwung prett sinn, kanns du deng App op oli.education.lu publizéieren:
Du kanns deng App elo op oli.education.lu starten an testen, och wann se nach net approuvéiert ass. Deng App gëtt nach net op der Websäit ugewisen, sou lang se net approuvéiert gouf.
Wanns du däin App Status op "Public / ..." gesat hues, kanns du deng App mat engem Klick op den entspriechende Knäppchen approuvéiere loossen. Eng nei Säit geet op, einfach de Mail Form ofschécken dann un ee vun eisen Administrateure weidergeleet gëtt.
Du misst bannent 24 bis 48 Stonnen eng Äntwert kréien. Wann deng App approuvéiert ass, da gëtt se och um Website ugewisen.
Deng App gëtt nëmme verworf wanns du vergiess huues d'App Regelen ze respektéieren. Huel déi néideg Ännerunge vir (Detailer kriss de via E-Mail) an schéck d'Approuvéierungs-Mail nach eng Kéier of.
Iers de eis eng Email schécks, solls de folgendes maachen:
Kee kann dir hëllefen an du bass verzweifelt?
Kontaktéier eisen Helpdesk