Mir wëllen Applikatiounen ubidden, déi zu all OS (Windows, MacOS, Linux, ...) kompatibel sinn a mat alle wichtege Browser laafen (Firefox, Internet Explorer, Chrome, Safari ...). Test deng App mat all dësen Technologien, oder froe deng Frënn ob si deng App fir dech teste kënnen.
Vermeid Technologien déi Plug-ins op der Clientsäit brauchen (Flash, Silverlight, Java, ...). Apps, déi esou Technologien benotze ginn zwar akzeptéiert, mä se kënne niddreg Bewäertunge kréien wann et Problemer op verschidde Geräter ginn.
Dir kanns all HTML Version benotzen, mir recommandéier awer minimal HTML 4.x an CSS. Benotz wa méiglech HTML5 an CSS3, obwuel dat net obligatoresch ass. Benotz nëmmen HTML5 Funktiounen déi scho vun alle gréissere Browser ënnerstëtzt ginn.
Et ass net obligatoresch dass deng App validen HTML oder CSS Code benotzt, allerdengs ass dat ëmmer eng gutt Viraussetzung fir Problemer ze vermeiden.
Du kanns all Sprooch als Stanardsprooch fir deng App benotzen. D'Sprooch déi de User am Moment op oli.education.lu benotzt gëtt iwwer d'Variabel "app_lang" un deng App iwwerdroen. Mir recommandéiere wa méiglech dës Sprooch beim Start vun denger App ze notzen.
Apps ginn an engem <iframe> - Element op oli.education.lu duergestallt. Den Iframe start d'URL déis du am Entwécklerberäich uginn hues,mat e puer weidere Variablen.
Momenten ënnerstëtzt den API folgend Variablen:
Déi komplett URL vun der App kéint esou ausgesinn:
Bedenk datt mer am Moment keen Hosting fir deng App ubidden, op d'mannst net zu dëser Zäit. Dëst bedeit, dass du en Server oder oder e Web Hosting brauchs fir deng Applikatioune kënnen z'installéieren.
oli.education.lu Apps kënnen entweder statesch HTML Säiten oder dynamesch "Web Applikatioune" sinn.
Wanns du mat stateschen HTML Dateie schaffe wëlls, da kanns de däi Lieblingsprogramm benotze fir deng HTML Säiten ze bauen, oder du programméiers einfach manuell. Du kanns och Javascript benotzen fir deng Web App méi interaktiv an attraktiv ze maachen.
Du kanns och dynamesch Web Applikatioune a Perl, PHP, Python, .NET oder all aner Sprooch schreiwen.
Eng Web App Säit kéint wéi dat folgendend Beispill ausgesinn (an dësem Beispill ginn zwee CSS Fichieren op oli.education.lu gelueden - dës kanns de benotze wanns de d'Optik vun de oli.education.lu Standard-Apps benotzen wëlls. Du kanns dës zwou Linnen ewechloossen wanns de däin eegene Stil benotze wëlls.
Bedenk dass all Apps op oli.education.lu eng UTF-8 Kodéierung benotzen. Du kanns och eng aner Kodéierung benotzen, mä dat kéint Problemer mat zukünftege Versioune vum API mat sech brengen
D'Standardgréisst fir oli.education.lu Apps ass 920 * 480 Pixel. Dat gesäit relativ gutt op Desktop Computeren, Laptops an Tablets aus.
Bau keng Apps, déi eng Breet méi grouss wéi 920 Pixel brauchen, well se wahrscheinlech net approuvéiert ginn. Wann d'Héicht vun denger App méi wéi 480 Pixel ass, da gëtt eng Scrollbar am Iframe ugewisen. Vergiess net, datt d'Scrollbar wahrscheinlech deng App Breet ën 10 bis 20 Pixel reduzéiert, du muss also dofir suergen, datt denf App och mat 900px Pixel an der Breet leeft.
Op der nächster Säit fënns de raus, wéis du deng App publizéiere kanns.
weider...