Entwéckel deng eegen Apps

Op oli.education.lu kann all Benotzer seng eegen E-Léieren Applikatioune entwéckelen an publizéieren. Mir bidden fir d'Tools, du baus de Contenu.
Et ass ganz einfach, all App ass u sech nëmmen eng kleng Websäit!

Wéi ginn ech en App-Entwéckler?

All Member vun dësem Site kann Apps entwéckelen a publizéieren - Schüler, Enseignanten, Elteren - jiddereen!

Log dech an, géi op däi "Benotzerkonto" an aktivéier d'Entwécklungs-Tools (einfach d'Checkbox bei "jo, ech wëll meng eegen Apps fir dës Plattform entwéckelen" ukräizen an da späicheren).

E neie Menüpunkt "Coding" erschéngt am Menü op der lénker Säit, direkt ënnert "Benotzerkonto". Klick drop fir d'Coding-Tools opzemaachen. Du gesäis dass de elo eng Entwéckler-ID hues. Wiel en Entwécklernumm a scho bass de prett fir deng Apps ze publizéieren!

Wéi kann ech meng eegen e-Learning Apps bauen?

Eis e-learning Apps sinn eigentlech just kleng Websäiten.

Eng App bauen heescht also dass du e klenge Website baus, an deen dann am Coding-Beräich ugëss.

Du kanns deng preferéiert HTML Entwécklungstools fir däi Site benotzen, oder schreif däi Code einfach per Hand. Oder bau eng dynamesch App mat PHP, Perl, Python oder aner Scripting-Sprooch. Oder souguer mat Javascript oder Ajax, wanns de wëlls.

Versich Flash, Silverlight, Java an aneren Technologien déi Plug-ins brauchen ze évitéieren. Trotzdem ass et net verbueden dës Tools ze benotzen.

Entwéckel deng Apps mat HTML5 an CSS3, wanns de alles wëlls richteg maachen.

Kann ech meng Apps och op anerer Platz benotzen?

Apps op oli.education.lu si just kleng Siten, an dat heescht och, dass du deng Apps iwwerall weiderhin benotze kanns. Däi Website gehéiert ëmmer dir selwer, och wanns du en hei publizéiers.

Wéi geet et weider?

Op der nächster Säit fënns de raus, wéis du deng App entwéckele kanns.

weider...