oli.education.lu e-Learning Platform News
Update: Sprooche Management
23. avril 2025, par oli
Mam Update vun haut gëtt den Handling vun der Sproochenauswiel vum Oli verbessert. De Site mierkt sech elo pro Computer / Device, wat deng gewielte Sprooch vun der Plattform ass - wa nach kee manuelle Choix virgeholl gouf, da respektéiert de Site déi ausgewielte Lieblingssprooch, sous condition datt de User ageloggt ass.
Och d'Art a Weis, wéi de Site op e Sproochechangement réagéiert, ass elo verbessert - wann ëmmer méiglech, versicht d'Plattform elo de User op den Ausgangspunkt zréck ze brengen.
Vill Spaass mam Update wënscht
Deng Equipe vum Oli
Software Maintenance
2. avril 2025, par oli
An deene leschten 2 Méint hu mir eng ganz Rei Verbesserungen un der Software gemaach, déi wichteg sinn fir zukünfteg Entwécklungen. Ënner anerem gouf d'Method iwwerschafft, wéi den Oli de User Input verschafft - dës Saache ginn an deene nächsten 3 Wochen installéiert, falls also eppes net méi wéi gewinnt sollt funktionnéieren, da w.e.g. direkt via HelpDesk Bescheed soen!
Doriwwer eraus goufen eng ganz Rei méi kleng Verbesserungen a Bugfixes un den e-Learning Apps virgeholl, sou huet d'App "Wierder ofschreiwen" zB elo en integréierten Timer, ausserdeem goufen e puer Probleemer mat der Generéierung vu Verbe behuewen.
Vill Spaass mam Update wënscht
Deng Equipe vum Oli
Update WP mat Status Restore a neiem Doc Sort
13. janvier 2025, par oli
Mat der neier Versioun vum Wocheplang kann een elo als Enseignant d'Backups vum Status (Fortschrëtter pro Schüler bei den Aufgaben) gesinn an - falls néideg - och selwer zrécksetzen. Wann also den aktuellen Zoustand vum WP duerch falsch Manipulatioun, duerch onberechtegten Zougrëff op e Computer oder duerch en technesche Probleem sollt net méi korrekt sinn, da kann den Enseignant mat e puer Klicks en eeleren Zoustand rëm zréckhuelen.
Beim Printe vum Wocheplang ginn d'Dokumenter pro Schüler elo net méi einfach nom Dateinumm sortéiert, mee als éischt no Aufgab. D'Reiefolleg vun den Dokumenter ass beim Printen sou méi logesch, an se ass och ëmmer identesch bei alle Schüler, och wa bei Aufgaben an Dokumenter differenzéiert gëtt.
Vill Spaass mam Update wënscht
Deng Equipe vum Oli
Chat a Message nëmme nach mat Enseignant
8. janvier 2025, par oli
Vum 2ten Trimester un kënnen elo just nach Enseignanten e neien Chat starten oder eng nei Chatgrupp opmaachen. SchülerInne kënnen also vu sech aus keng nei Diskussioun méi mat anere Kanner ufänken, ouni dass dës Messagen da vun engem Enseignant kënnen iwwerwaacht a moderéiert ginn.
Déi aal Messagen an Chatgruppen sinn archivéiert ginn a sinn esou och net méi direkt accessibel. Dëst war néideg, well all existéirend Chatgruppen ouni Enseignant désaktivéiert gi sinn, sou dass déi nei Reegelen dann och fir all Gruppe gëllen.
Vill Spaass mat der neier Chatversioun wënscht
Deng Equipe vum Oli
Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!
20. décembre 2024, par oli
D'Equipe vum Oli wënscht Iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'neit Joer!
2024 gouf et ganz vill nei Tools, Funktiounen an Apps um Oli, a mir schaffen elo schonn un de nächsten Updates fir d'Joer 2025.
Dat war et da fir 2024, mir mellen eis da mat weidere Neierungen am Januar zréck!