oli.education.lu e-Learning Platform News

Nei Versioun vun der "Zielen" App

28. Oktober 2023, von oli

D'App "Zielen" ass komplett iwwerschafft ginn, et gi nei Aufgabentypen, de Layout ass wesentlech méi iwwersiichtlech an et kritt een och méi Aufgaben op ee Blat.

D'App ënnerstëtzt elo d'Ziele vu Punken (alignéiert oder méi chaotesch), Rechestäbercher, Spillwierfelen, Spillkaarten, Biller a Suen (woubäi nieft dem Euro och US Dollar, Brittesch Pond a Schwäizer Frang disponibel sinn).

Et kann een am Zueleraum bis 100 üben, et kann een Aarbechtsblieder drécken, et kann een awer och direkt online üben oder souguer Exercicer astellen a späicheren.

Op den Aarbechtsblieder kann ee schreiwen an / oder zeechnen, bei den Online Exercicer gëtt nëmmen d'Resultat getippt.

Online Exercicer ginn direkt um Schierm verbessert, beim Drécke vun Aarbechtsblieder gëtt och e Korrekturblat generéiert, an et gëtt och eng Autokorrektur-Optioun, wou d'Resultater ënner um Blat fir d'SchülerInnen ugewise ginn.

Wann een als Enseignant en Exercice späichert, kann een d'Resultater vun de SchülerInnen duerno a senger Virtueller Klass gesinn.

Déi nei Versioun bitt dann elo och all Funktiounen, déi et bis elo an der App "Mathé Spiller" gouf, sou dass dës App elo no iwwer 10 Joer kann an d'Pensioun goen.

Déi nei Versioun fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​count/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Nei App: Zahlenstrahl

23. Oktober 2023, von oli

Mat der neier "Zahlenstrahl" App kann een elo den Zueleraum vu 0 bis 1000 op eng zousätzlech Aart a Weis visuell üben.

Et kann een den Zueleraum bis 1000 astellen, an d'App ënnerstëtzt och Kommazuelen mat bis zu 3 Stellen souwéi negativ Zuelen (Minuszuelen).

Den Zahlenstrahl kann een ënnerdeele loossen (wéi Millimeter um Lineal), d'Duerstellung vun den Zuelen kann een upassen (all Zuelen, just eng, guer keng, zoufälleg, ...), ausserdeem kënnen d'Linne faarweg duergestallt ginn. D'Këschte mat den Zuele kënnen op Wonsch der Rei no oder duercherneen ugewise ginn.

Et kann een Aarbechtsblieder drécken, et kann een awer och direkt online üben oder souguer Exercicer astellen a späicheren.

Op den Aarbechtsblieder kann ee schreiwen an / oder zeechnen, bei den Online Exercicer gëtt nëmme geschriwwen.

Online Exercicer ginn direkt um Schierm verbessert, beim Drécke vun Aarbechtsblieder gëtt och e Korrekturblat generéiert, an et gëtt och eng Autokorrektur-Optioun, wou d'Resultater ënner um Blat fir d'SchülerInnen ugewise ginn.

Wann een als Enseignant en Exercice späichert, kann een d'Resultater vun de SchülerInnen duerno a senger Virtueller Klass gesinn.

Déi nei App fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​number_​line/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Nei App: Rechnen an Einer/Zehner Schrëtter

16. Oktober 2023, von oli

Mat der neier "Recheschrëtter" App kann een elo Plus- a Minusrechnungen üben, andeems een d'Rechnung an zwee Schrëtt (Einer an Zehner getrennt) mécht.

Et kann een den Zueleraum bis 100 astellen, als Operatioune stinn Additioun a Subtraktioun zur Verfügung, woubäi d'Aufgaben och visuell op d'Operatioun hiweisen (Additioun ass gréng, Subtraktioun ass rout). Et stinn 2 verschidde visuell Duerstellungen zur Dispositioun (Feiler a Këschten), déi een och an enger Aufgab mësche kann. Zehnerüberschreitung kann ee fir Ufänger ausschalten, Nullwerter bei den Einer (plus / minus Null) kann d'App op Wonsch och evitéieren.

Et kann een Aarbechtsblieder drécken, et kann een awer och direkt online üben oder souguer Exercicer astellen a späicheren.

Online Exercicer ginn direkt um Schierm verbessert, beim Drécke vun Aarbechtsblieder gëtt och e Korrekturblat generéiert, an et gëtt och eng Autokorrektur-Optioun, wou d'Resultater ënnen um Blat fir d'SchülerInnen ugewise ginn.

Wann een als Enseignant en Exercice späichert, kann een d'Resultater vun de SchülerInnen duerno a senger Virtueller Klass gesinn.

Déi nei App fënns de hei:

https://ssl.education.lu/​oli/​lu/​elearning/​-​/​math_​steps/​

Vill Spaass domat wënscht

Deng Equipe vum Oli

Update: Wocheplang

4. Oktober 2023, von oli

Mam aktuellen Update ginn et 4 nei Funktiounen am Wocheplang, déi d'Aarbecht weider erliichteren an deelweis zu de "most wanted features" gezielt hunn:

1) An der Iwwersiicht vun den Aufgabe gesäit een elo Infos zu eelere Wochepläng, déi nach net zu 100% ofgeschloss sinn. Et gi bis zu 5 Wochepläng hei ugewisen, an dat bis zu 2 Méint zréck an d'Vergaangenheet. Mat engem Klick kann een dann tëscht alle Wochepläng hin an hir wiesselen, sou dass d'Gestioun vu parallelle Pläng vill méi einfach gëtt.

2) Net ofgeschlossen Aufgabe kënnen elo op de nächste Plang iwwerholl ginn, woubäi dës Aufgaben da nëmme fir déi betraffe Schüler kopéiert ginn. De Status vun de jeeweilegen Aufgabe gëtt automatesch iwwerholl, um ale Plang kënnen déi Aufgaben dann automatesch desaktivéiert ginn. Dës Funktioun ass iwwer de Knäppchen "kopéieren / iwwerhuelen" am Editor vum Wocheplang disponibel.

3) Aufgabe kënne bei den Optiounen elo vun de Prozenter ausgeschloss ginn, sou datt SchülerInnen zB och schonn 100% kënne kréie wann optional Aufgabe nach net ofgeschloss sinn.

4) Beim Printe vum Wocheplang kann een ausser dem aktuelle Status vun den eenzelen Aufgaben elo och den Total vun de Prozenter um Blat uweise loossen.

Vill Spaass mam Update wënscht

Deng Equipe vum Oli

Schreibwerkstatt: neie PDF Export

3. August 2023, von oli

Mir hunn de PDF Export an der Schreibwerkstatt komplett iwwerschafft, sou dass generéiert PDFen elo wesentlech besser ausgesinn.

Den Export iwwerhëllt elo automatesch Schrëftoptiounen (fett, kursiv, ënnerstrach, ...), Alignementer (normal, zentréiert, riets, justified, ...), an och Faarwen am Text. Och Links op Websiten / URLen ginn elo an d'PDF Dokumenter iwwerholl. Nei ass och, dass een den Ofstand zum Rand vum Dokument ka selwer astellen.

D'Schreibwerkstatt fënns de an denger Virtueller Klass, SchülerInne kënnen domat Texter schreiwen, ausserdeem kann een als Enseignant domat Bréiwer an Dokumenter geréieren, déi een dann och direkt mat Template (zB der Entête vun der Schoul) erausprinte kann.

Vill Spaass mam Update wënscht

Deng Equipe vum Oli