S15 – Mat Kapp a Kierper léieren: de Sportunterrecht nei denken
6 minutes
Wat ënnerscheet erfuere Sportler vun Ufänger? A firwat spillt de Kapp beim Sport esou eng wichteg Roll?
Den Dr. Jerry Medernach erkläert, wéi Opmierksamkeet, Erfarung a Kreativitéit eis Entscheedunge beim Sport beaflossen. Hie weist, firwat villfälteg Beweegungserfarunge sou wichteg sinn a wéi Léierpersounen de Sportunterrecht esou gestalte kënnen, datt d’Schüler net nëmmen hir motoresch Fäegkeeten, mee och hiert selbststännegt Denken, hir Kreativitéit an hiert Selbstvertrauen entwéckelen.