D12 – Vill am Kapp: de Podcast vum CEJHP
117 minutes
« Vill am Kapp » ass de Podcast fir all déi, déi sech fir d’Thema Héichbegabung interesséieren. Säin Zil: informéieren, inspiréieren an Äntwerte liwweren.
Egal ob Dir selwer betraff sidd, an dësem Beräich schafft oder einfach virwëtzeg sidd – hei fannt Dir Äntwerten op Är Froen, konkret Tipps an Handwierksgeschir fir d’Aarbecht mat héichbegaabte Kanner souwéi perséinlech Erfarungsberichter.
