D11 – All Kéier anescht: de Podcast vum SNEI
68 minutes

All Kéier Anescht ass de Podcast vum Service national de l’éducation inclusive (SNEI). E bitt praktesch Strategien an Tipps fir de Schoulalldag mat Schülerinnen a Schüler mat spezifesche Besoinen.
Déi éischt Serie, « Schülerinnen a Schüler mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung – De Schoulalldag », déi an Zesummenaarbecht mam Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme (CTSA) produzéiert gouf, beliicht déi verschidde Facettë vum Autismus am schoulesche Kontext.