D’Wäertschätzung an d’Verwäertung vum pedagogesche Gaart: Netzwierktreffen vu Léieren am Gaart
(Code : D2-e-08)
Kontext / Contexte
Austauschdag am Kontext vum Netzwierk 'Léieren am Gaart' mat praktesche Workshops
Fir all d‘Membere vu 'Léieren am Gaart' an Enseignanten an Educateuren/tricen, déi un engem pedagogesche Gaart interesséiert sinn
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D' Particpanten kennen:
- Interessant iessbar Planze fir de pedagogesche Gaart
- D’Villfalt vun der Verwäertung vun der Recolte aus dem Gaart
- Methode fir spilleresch de Gout ze entdecken
- Sécherheet am Gaart
- Kraider an hiren Notzen an der Kichen, fir d‘Gesondheet
- Interessant Aktivitéiten mat deenen d'Schüler/innen d'Planzen an d'Déieren am Gaart kenneléieren
- de Wäert vun engem Gaart kenneléieren an driwwer kommunizéieren
- Basistechniken a Grondkenntnisser vum Gaardebau.
Fäegkeeten
D' Participanten sinn capabel:
- Kach- an d’Degustatiouns-Aktivitéiten mat der ganzer Klass am Gaart ze organiséieren an ouni Stress duerchzeféieren
- Geméis an Uebst op verschidden Aart a Weisen preparéieren an schmaachen
- E Gaart esou plangen fir e Maximum vum Uebst a Geméis iessen ze kennen
- De Gaart no verschiddenen (Verwäertungs-)Themen plangen (Zopp, Pizza, Naschelen….)
- De Gaart mat alle Sënner erliefbar maachen
- De Gaart iwwert d'ganzt Schouljoer pedagogesch ze notzen
- De Gaart a verschiddenen Schoulfächer anzebannen.
Haltung
D' Participanten kennen:
- Vu vir eran iwwerléeen, wat een wéini aus dem Gaart schmaache kann
- mat de Kanner op en Zil hischaffen (Iessen fir e Schoulfest, Kürbisfest, Kräidersalz maachen…)
- Ouni Angscht mat de Kanner am Gaart ze schaffen
- Zesummen mat de Schüler/innen Geméis-, Kräider a Blummen uplanzen
- De Gaart entdecken, bewonneren, genéissen an dran experimentéieren
- D'Biodiversitéit ze fërderen.
Inhalt / Contenu
- Aféierung an d'Thema vun der Wäertschätzung a Verwäertung vum pedagogesche Gaart
- Austausch vun beschte Praktiken aus de pedagogesche Gäert
- 2 Workshops au choix
- Iessen an Austausch am Gaart
- Konklusioun an Ofschloss.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Austausch tëschent de Memberen vun 'Léieren am Gaart'
- Vermëttelen vu Basiskenntnisser fir mat Kanner a Jugendlëchen ze "gärtneren"
- Praktesch Atelieren.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Birgitta Goldschmidt, Referentin für Schulgärten und BNE
Michel Grevis, Team Natur erliewen des Centre SNJ Hollenfels
Simone Dégardin, Ecole du Goût
Laurent Bauler, Ecole du Goût
Mareike Ruhmann, Youth4Planet
Guy Willems, Guide Nature
Remarques / Anmerkung
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.
Mir sinn dobaussen : Dem Wieder entspriechend Kleeder undoen
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le samedi 19 octobre 2024 de 9 à 16 heures |
Lieu : | Kalendula-Le jardin solidaire |
Nombre max. de participants : | 50 |
Places disponibles : | 50 |
Statut de la formation : | Inscriptions ouvertes au cours du 1er trimestre 2024-25 |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois, allemand |
---|---|
Informations : | Valérie Klein - valerie.klein@ciglesch.lu |
Organisation : | Formation organisée en coopération avec Léieren am Gaart |