Minecraft Education für Anfänger
(Code : D6-c-21)
Kontext / Contexte
Am Minecraft geet et drëms an enger virtueller Welt aus Bléck ze bauen, ze exploréieren an ze iwwerliewen. D’Spiller kënnen Ressourcen sammelen, Outilen bauen fir verschidden Aktivitéiten ze maachen wéi Ressourcen ofbauen oder Akerbau ze bedreiwen.
Et ginn och verschidden Spillmodien wéi den Iwwerliewensmodus, wou d’Spiller géint Monster kämpfen mussen an Ressourcen sammelen fir weider ze kommen, oder den Kreativmodus wou een alleguerten d’Bléck onageschränkt zur Verfügung huet fir grouss Gebaier oder Strukturen nozebauen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- de Prinzip vun Minecraft Education a wëssen wéi een dat an der Klass asetze kann
- verschidde Minecraft Welten, déi eng präzis Aufgabestellung hunn fir am Unterrecht anzesetzen.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- sech am Raum z' orientéieren duerch Minecraft an der Schoul fërderen (raimlecht Denken)
- sech kreativ azebréngen, andeems se hir Iddien an d’Spillwelt ëmsetzen, Gebaier an Strukturen opbauen an se mat Sënn fëllen
- am Team en Challenge ze plangen an doduerch d’Problemléisen an d’Teamaarbecht ze fërderen
- Minecraft azesetzen fir un de Lernziler vun der Klass ze schaffen.
Haltung
D'Participantë/-teë:
- sinn oppe, nei Weeër fir ze léieren auszeprobéieren
- reflektéieren hir Medienaktivitéiten op Basis vum Mediekompass.
Inhalt / Contenu
D’Participanten kënnen eng didaktesch Welt mat Aufgaben a Rätselen erstellen, déi sech op de Mediekompass an op de Plan d’Etudes bezitt a kënne mat de verschiddenen Elementer vu Minecraft eppes ufänken.
Folgend Konzepter ginn behandelt:
- Landart, Pixelart, Symmetrie
- eegen Welten
- Minecraft-Bibliothéik mat fäerdege Welten
- spezifesch Projekter, z.B: Bau vun enger Schoul
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Aféierung vu Minecraft (Technik erklären)
- Entdecken vu verschiddenen Astellungen a Modi
- Notzen an der Klass
- Ausprobéieren
- Feedback-Ronn
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Sven Fournelle, Instituteur spécialisé en compétences numériques
Ben Schreiner, Instituteur
Remarques / Anmerkung
Bitte melden Sie sich in MS Teams an, hier wird sich die passende Weiterbildungsgruppe spätestens einen Tag vor Start der Weiterbildung befinden. Sie erhalten keinen Zugangslink. Ein Mikrofon und eine Kamera sind erforderlich, um teilzunehmen (PC oder Laptop, kein iPad oder Smartphone (eingeschränkte Funktionen)). Die Kamera muss während der gesamten Weiterbildung eingeschaltet sein.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Blended learning |
---|---|
Date : | 1. en présentiel à l’IFEN-Walferdange : le mardi 22 octobre 2024 de 14 à 17 heures 2. en ligne synchrone sur Teams : le mardi 3 décembre 2024 de 14 à 15 heures |
Lieu : | Formation en blended learning : séances en présentiel et en ligne |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 20 |
Statut de la formation : | Inscriptions ouvertes au cours du 1er trimestre 2024-25 |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |