Differenzéierten Unterrecht mat KI virbereeden – A wéi soll dat da goen?
(Code : D6-e-04-EF-Dir03)
NB: ein oder mehrere Termine dieser Aus-Weiterbildung finden am Standort IFEN Esch-Belval - Terres Rouges statt.
Kontext / Contexte
Ëmmer méi gëtt iwwert d'Kënschtlech Intelligenz geschwat a wéi eng Roll dës nei Tools haut an an der Zukunft an de Schoule spille wäerten. Dat kommend Schouljoer begleede mir iech gären dobäi, wéi e KI kann notze, fir méi einfach en differenzéierte Cours ze preparéieren. Dësen éischten Austauschmoment schenkt iech d’Méiglechkeet verschidden Technologië kennenzeléieren, iech ënnerteneen auszetauschen a kommend Schrëtt ze plangen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- déi global d’Asazméiglechkeete vu KI bei der Präparatioun vum Unterrecht
- d'Méiglechkeeten an d'Limitte vu KI-Tools.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë kënnen
- mat KI-Tools schaffen, déi d’Virbereedung erliichtere fir déi pädagogesch-didaktesch Zieler ze errechen.
- sech iwwert méiglech Froen, Ängschten, Erausfuerderungen a Méiglechkeeten austauschen.
Haltung
D'Participantë/-teë kënnen
- déi virgestallten Tools op d’Asazméiglechkeete fir den eegenen Unterrecht iwwerpréifen
- iwwert d’Auswierkunge vu KI op de schoulesche Beräich nodenken an doriwwer diskutéieren.
Inhalt / Contenu
Unhand vu prakteschen Applikatiounen entdeckt dir, wéi KI-baséiert Tools a Ressourcen är Präparatiounen a ären Cours beräichere kënnen. Duerno kënnt dir är Erfarungen, Iddien an Erausfuerderungen am Ëmgang mat der KI am Bildungsberäich deelen an an den Austausch kommen. Zesumme leeë mir déi kommend Handlungsschrëtt fir dat nächst Schouljoer fest.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Presentatioun, Diskussioun an Ausprobéieren
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Clara Schwab, Institutrice spécialisée en compétences numériques,
Linda Rippinger, Institutrice spécialisée en développement scolaire,
Christian Schwarz, Instituteur spécialisé en développement scolaire
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 24 octobre 2024 de 14 à 16 heures |
Lieu : | IFEN Belval - Terres Rouges - bâtiment E |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 20 |
Statut de la formation : | Inscriptions ouvertes au cours du 1er trimestre 2024-25 |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et membres ESEB de l'école fondamentale Am Park Pétange |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | Lëtzebuergesch |
---|---|
Informations : | Carole Hoffmann carole.hoffmann@education.lu |