Klasseklima a Sozialkompetenze verbesseren duerch Musek!
(Code : D3-b-28)
Kontext / Contexte
An dëser Formatioun wëlle mir ausprobéieren, wéi mir d'Medium Musek och ausserhalb vun de Museksstonne kënnen notzen.
Musek huet d’Potenzial, fir d’Klasseklima ze verbesseren, fir Zesummenhalt an der Klass ze fërderen a fir op Sozialkompetenze vun de SchülerInnen anzewierken.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'DeelnehmerInne kennen:
- Méiglechkeeten, fir Musek och ausserhalb vun de Museksstonnen an hirem berufflechen Alldag anzesetzen;
- d'neurologesch Wierkung vu Musek;
- d'Potenzial vu Musek zur Fërderung vun engem positive Klasseklima;
- d'Potenzial vu Musek zur Fërderung a Stäerkung vu Sozialkompetenzen.
Savoir-faire
D'DeelnehmerInne kennen:
- Musek an hierem berufflechen Alldag och ausserhalb vun de Museksstonnen asetzen fir Sozialkompetenzen ze fërderen an d’Klima an der Klass ze verbesseren;
- Instrumenter a Gesang notzen, fir de Bien-être vun de Kanner an an der Klass ze erhéijen.
Haltung
D'DeelnehmerInnen:
- erkennen d'Potenzial vu Musek, an dat iwwert d'Léiere vu Lidder/Instrumenter asw. eraus;
- gesi Musek als e kreatiivt Mëttel, fir Kanner an hire Sozialkompetenzen ze stäerken an de Bien-être an der Klass ze erhéijen;
- sinn oppe fir nei musikalesch Techniken a kreativ Weeër.
Inhalt / Contenu
- theoretescht Wëssen zur neurologescher Wierkung vu Musek
- theoretescht Wëssen zur psycho-sozialer Wierkung vu Musek
- praktescht Wëssen zum Asaz vu Musek (Stëmm, Instrumenter) - aktiv a receptiv - an der Aarbecht mat Kanner.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Videoen
- Presentatioun
- praktesch Übungen
- Gruppenaarbechten
- Diskussioun
- Reflexioun
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Cathy Schmartz, Psychologin a Musekstherapeutin
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Blended learning |
---|---|
Date : | 1. en présentiel à l'IFEN Walferdange au bâtiment 05 - salle Eduscène: le samedi 14 décembre 2024 de 9 à 12 et 13 à 16 heures 2. en ligne sur Teams: le vendredi 24 janvier 2025 de 19 à 21 heures |
Lieu : | Formation en blended learning : séances en présentiel et en ligne |
Nombre max. de participants : | 12 |
Places disponibles : | 12 |
Statut de la formation : | Inscriptions ouvertes au cours du 1er trimestre 2024-25 |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |