Musek fir mech! Kuerzform
(Code : B1-a-27)
Kontext / Contexte
Musek ass e Medium, dat et eis erlaabt, ganz ouni Wieder ze kommunizéieren, eis auszedrécken, am Kontakt ze si mat eis selwer a mat aneren. Si mécht Raum fir Kreativitéit, hëlleft eis, nei Perspektiven anzehuelen an erméiglecht et, Emotiounen eng passend Plaz ze ginn.
An dësem Cours wëlle mir eis Zäit huelen, fir zesumme Musek ze maachen a mat dësem nonverbale Medium kreativ ze experimentéieren. Duerch de verbalen Austausch iwwer dat, wat mir an der Musek erlieft hunn, kréie mir een neie Bléckwénkel op dat, wat eis am Alldag beschäftegt.
D'Musek schaaft Raum, Musek deet gutt!
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen:
D'DeelnehmerInne kennen:
- d'Wierkung vu Musek op eise Kierper
- d'Wierkung vu Musek op eist mentaalt Wuelbefannen
- musikalesch Techniken, déi am berufflechen Alldag hëllefen an ënnerstëtze kënnen
Savoir-faire:
D'DeelnehmerInne kënnen:
- sech op verschiddene Museksinstrumenter ausdrécken
- reflektéieren iwwer dat, wat si an der Musek erlieft hunn
- Erlieftes an de berufflechen Alldag "iwwersetzen"
Haltung
D'DeelnehmerInnen:
- erkenne Musek als eng Méiglechkeet fir Ausdrock, Kreativitéit a Kommunikatioun
- sinn oppe fir nei Ausdrocks- a Kommunikatiounsméiglechkeeten
- begéinen een(t) dem anere mat Oppenheet
Inhalt / Contenu
Zesummen entdecke mir Méiglechkeeten, fir eis musikalesch auszedrécken, Emotiounen ze äusseren, Entspanung ze spieren. Dëst maache mir duerch d'Musek: aktiv, also zesumme Musek maachen op Instrumenter an duerch Sangen, a receptiv, duerch Musek lauschteren.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Musikalesch Improvisatiounen
- Aktiv Musek lauschteren
- Austausch
- Ausprobéiere vu musikaleschen Techniken
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Cathy Schmartz, Musekstherapeutin a Psychologin
Remarques / Anmerkung
/
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | Les lundis 21 octobre, 4 novembre, 2 décembre 2024, 6 janvier 2025 de 19 à 21 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 6 - Salle Eduscène |
Nombre max. de participants : | 12 |
Places disponibles : | 12 |
Statut de la formation : | Inscriptions ouvertes au cours du 1er trimestre 2024-25 |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgois |
---|---|
Prérequis : | Oppenheet fir Neies a fir Austausch |
Organisation : | IFEN |