Musek & Wuelbefannen
(Code : B2-e-14)
Kontext / Contexte
Dës Formatioun fënnt am Kader vun de "Semaines de la Santé Mentale 2024" statt.
Déi lescht Joren hunn eis all virun nei Erausfuerderunge gestallt. Mir hu misse kreativ ginn, nei Kommunikatiounsweeër fannen. An dach ass de Stressniveau bäi de Kanner, Jonken an Erwuessenen an d'Luucht gaangen. Vill kleng a grouss Mënsche spiere sech manner gudd a fille Belaaschtung.
An dëser Formatioun wëlle mir eis ukucken a virun allem ausprobéieren, wéi mir d'Medium Musek an eisem schouleschen Alldag och ausserhalb vun der Museksstonn kënnen asetzen. Dëst mat dem Zil, d'Wuelbefanne vun de SchülerInnen ze fërderen, Zesummenhalt an der Klass ze stäerken, Potenzialer a Ressource vu Kanner ze erkennen an op kreativ a spilleresch Manéier matenee kënnen ze kommunizéieren. Dëst alles am Sënn vun engem verbesserte Wuelbefannen vun all Eenzelnem an am Klasseverband.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'DeelnehmerInne kennen:
- Méiglechkeeten, fir Musek an hirem berufflechen Alldag anzesetzen;
- d'neurologesch Wierkung vu Musek;
- d'Potenzial vu Musek zur Stäerkung vu Ressourcen.
Savoir-faire
D'DeelnehmerInne kënnen:
- Musek an hierem berufflechen Alldag asetzen fir Ressourcen ze fërderen an ze stäerken;
- Instrumenter a Gesang notzen, fir d'Wuelbefanne vun de Kanner an an der Klass ze erhéijen;
- Musek an der Klass asetzen, fir Kanner ze stäerken.
Haltung
D'DeelnehmerInnen:
- erkennen d'Potenzial vu Musek, an dat iwwert d'Léiere vu Lidder/Instrumenter asw. eraus;
- gesi Musek als e kreatiivt Mëttel, fir Kanner ze stäerken an de Bien-être ze erhéijen;
- sinn oppe fir nei musikalesch Techniken a kreativ Weeër.
Inhalt / Contenu
- theoretescht Wëssen zur neurologescher Wierkung vu Musek;
- theoretescht Wëssen zur psycho-sozialer Wierkung vu Musek;
- praktescht Wëssen zum Asaz vu Musek (Stëmm, Instrumenter) - aktiv a receptiv - an der Aarbecht mat Kanner a Jonken.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Videoen,
- Presentatioun,
- praktesch Übungen,
- Gruppenaarbechten,
- Diskussioun,
- Reflexioun.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Cathy Schmartz, Psychologin a Musekstherapeutin
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le samedi 12 octobre 2024 de 9 à 12 et 13 à 16 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 5 - Eduscène |
Nombre max. de participants : | 12 |
Places disponibles : | 12 |
Statut de la formation : | Inscriptions ouvertes au cours du 1er trimestre 2024-25 |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |