Mat der Klass an de Bësch...vläicht och fir mech
(Code : D2-b-06)
Kontext / Contexte
An dëser Formatioun soll d'Léierpersoun Iddië kréie wéi een de schouleschen Alldag no bausse ka verleeën. Mir gin Hëllefen an konkret Ustéiss wéi ee Moien mat der Klass am Bësch kéint ausgesin.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
Déi Persounen di deelhuelen
- kennen Aflëss di bei Schoul dobaussen kënne virkommen
- kenne Facteuren di bei Schoul dobausse kënne wichteg sinn.
Fäegkeeten
Déi Persounen di deelhuelen
- kennen d'Virdeeler vu Schoul dobaussen als Léierméiglechkeet a kënne des wertschätzen.
Haltung
Déi Persounen di deelhuelen musse
- flexibel sin
- firwëtzeg a motivéiert si fir eraus ze goë mat de Kanner.
Inhalt / Contenu
Een Ziel vun der Formatioun as et duerch verschidde Denkustéiss an Iddiën de Leit Courage ze maachen fir sech ze trauen mat der Klass eraus ze goën. Duerch Aktiounen aus dem naturpädagogeschen Beraich ugepasst un Inhalter aus alle Kompetenzberaicher kréien d'Participanten en Abléck an d'Schoul dobaussen. D'Formatioun vermëttelt Iech ganz einfach Inhalter di kënnen zu all Moment je no Besoin fächeriwergraifend dobaussen ugewandt gin. Ganz wichteg ass et eis datt een dofir weder vill Ressourcen nach vill Material an Opwand brauch.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Vill praktesch Beispiller
- Partner- a Gruppenaktivitéiten
- Froen- , Reflexiouns- a Feedbackronn.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Laury Bach, Léierin am C4, Naturpädagogin
Fabienne Schou, Léierin am C1, Naturpädagogin
Remarques / Anmerkung
Dot Iech w.e.g dem Wierder entspriechend no un. Brengt Iech w.e.g ee Picknick mat. Et besteet dMéiglechkeet sech eppes mat ze iessen ze brenge wat um Feier ka gewiermt gin.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le samedi 19 octobre 2024 de 9 à 14 heures |
Lieu : | Crauthem |
Nombre max. de participants : | 18 |
Places disponibles : | 18 |
Statut de la formation : | Inscriptions ouvertes au cours du 1er trimestre 2024-25 |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Prérequis : | Et soll een eigentlech keng oder keng grouss Erfahrung hu fir mat enger Schoulklass an de Bësch oder eraus ze goen. |
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |